
All Passagéier, dee méi al wéi 6 Joer ass, brauch jo en negative Corona-Test, deen net méi al wéi 72 Stonnen ass, ier een däerf an de Fliger. D’Test-Resultat muss een och schrëftlech derbäi hunn, op enge vun den 3 nationale Sproochen oder op Englesch, Portugisesch, Spuenesch oder Italieenesch.
Vun en Donneschdeg u brauche Leit, déi aus engem Net-EU-Land op Lëtzebuerg geflu kommen, dann awer um Findel net nach en zousätzleche Schnelltest ze maachen.
Detailer mat alle geneeën Explikatiounen zu Fluch-Reese fënnt een iwwerdeems op covid19.lu, ënnert dem Punkt iwwert d’Reesen.
Vun dësem Dënschdeg u gëllen an Däitschland iwwerdeems déi selwecht Reegelen. Och hei muss een en negativen Test kënne virleeën, ier een an de Fliger a Richtung Bundesrepublik ka klammen.