Regierung freet méi PCR-TesterEt feelt u Personal fir d'Ofstrécher ze maachen

RTL Lëtzebuerg
Méi Infektioune mam Covid, dat bedeit, datt och méi Leit e PCR-Test wëllen oder musse maachen.
Regierung freet méi PCR-Tester
Méi Infektioune mam Covid, dat bedeit, datt och méi Leit e PCR-Test wëllen oder musse maachen. Ma bei de Laboe feelt et u Personal.

Regierung freet méi PCR-Tester / Reportage François Aulner

D’Regierung huet dowéinst d’Laboe gefrot, fir hir Capacitéiten an d’Luucht ze setzen. Bei de Laboratoires Réunis wier ee prett, fir vun enger aktueller Auswäertung vun 2.500 PCR-Tester pro Dag op 3.000 eropzegoen, sou hire Sousdirekter, den Dokter Stéphane Tholl am RTL-Interview. Allerdéngs géing et um néidege Personal feelen, fir d’Ofstrécher an der Nues ze maachen. De Stéphane Tholl sot, et wier een a Gespréicher mat der Direktioun vun der Santé a méiglecherweis kéinten aner Leit autoriséiert ginn, fir Ofstrécher ze maachen: zum Beispill Assistente vun Dokteren oder Medezinsstudenten. Well d’Dauer vun der Validitéit vun de PCR-Tester och vun 72 op 48 Stonnen erofgesat gouf, gouf d’Zuel vu Labo-Techniker schonn an d’Luucht gesat ginn, fir d’Resultater méi séier ze hunn.

De Stéphane Tholl huet iwwerdeems den Appell un d’Leit gemaach, fir de Rendez-vous ze respektéieren, well wa jidderee géing matenee kommen, da misst ee méi waarden. Donieft sollen d’Leit hir Donnéeë richteg ausfëlle wa si hir Rendez-vousen huelen, well wann d’Donnéeën net “propper” wieren, da kéint de Contact-Tracing och net richteg klappen.

Genee ewéi d’Laboe vu Ketter Thill dat scho gemellt hunn, mellen d’Laboratoires Réunis, datt d’Leit allgemeng méi aggressiv wieren. Well et de Berechnunge vun de Laboratoires Réunis no Mëtt Januar “ganz ellen” wäert ginn, freet de Stéphane Tholl Respekt vun de Leit géigeniwwer senge Mataarbechter.

De Sousdirekter vun de Laboratoires Réunis betount och d’PCR-Tester wieren de “Goldstandard” vun den Tester. Wann et mol zu falsche Resultater kënnt, da wier dat meeschtens dorobber zeréckzeféieren, datt den Ofstréch net richteg gemaach gouf.

Back to Top
CIM LOGO