“Op 2023 wäert ech, mengen ech, mäi Liewe laang mat gemëschte Gefiller zréckkucken”, esou d’Co-Parteipresidentin Djuna Bernard am RTL-Interview. Et hätt een an de leschte Woche versicht ze verstoen, wéi et zu dësem Walresultat konnt kommen. Déi Gréng hu fënnef vun hiren néng Chambermandater verluer. Et huet ee Parteimemberen, awer och Leit vu bausse gefrot, fir eng breet Analys ze maachen, esou d’Djuna Bernard. De Profil vun der Partei, d’Kommunikatioun oder och perséinlech Schicksaler hätten eng Roll gespillt.
“Et spillt awer och dran eran, einfach en allgemenge Setting, deen deene grénge Parteien, queesch duerch Europa am Moment net favorabel gesënnt ass. An dat mécht enger grénger Partei wéi eiser et natierlech ëmsou méi schwéier an do geet et natierlech elo drëms, deen Trend an d’Allgemenggefill vun de Leit ze erkennen a kënnen drop anzegoen, och am Virfeld vun den Europawalen.”
Dat op d’mannst d’Zil vun der Partei. Am Tramsschapp an der Stad huet ee beim Neijoerschpatt och no vir gekuckt. Et géif grad elo drëms goen, dass d’Leit gesinn, dass eng gréng Politik an hirem Alldag wichteg wier an eng Roll spillt, esou d’Co-Parteipresidentin. Fir d’Klimapolitik unzegoen, bräicht et den europäesche Kontext, eng staark gréng europäesch Partei géif gebraucht ginn: “An dat geet natierlech elo iwwert d’Europawalen, wou d’Leit dobausse kënnen eis Gréng stäerken, well ech menge mir ginn immens vill gebraucht.”
De Meris Sehovic fuerdert vun der schwaarz-bloer Regierung, eng positiv Zukunftsvisioun, wou een d’Leit wierklech mathëlt:
“Well bis elo huet sech dat Mathuelen nach net manifestéiert an d’Leit spieren dat net. Mir erwaarden en éierlechen Asaz fir eis Natur, Äerd, Bëscher an Deieren.”
D’Aussoen, déi bis ewell gemaach goufen, géifen een awer éischter pessimistesch astëmmen. De Faite, datt de Premier Luc Frieden d’Klimakris als just eng vu méi Krise bezeechent huet, géif an den Ae vun déi Gréng weisen, datt hien den Enjeu net verstanen hätt. Ma genee dat wier awer extrem wichteg:
“Well wa mer se verstinn an uginn, ass et net just gutt fir de Planéit, mee eng Chance fir eist Land, eng Opportunitéit fir eis Ekonomie, sécher a gutt Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg. An de Wuelstand ze garantéiere fir dës Generatioun a kommend Generatiounen.”
D’Thema Heescheverbuet gouf dann och ugeschwat. Fir d’Djuna Bernard kéint et net d’Léisung sinn dës vulnerabel Leit aus dem Stadbild ze verbannen. Et misst een hinnen Hëllefsstellunge ginn:
“Housing First Strukturen, opsichend Sozialaarbecht, Therapieplazen, Beruffsreinsertiotunsmesuren a sou weider. Dat wiere Léisungen, déi mer misste kënne ginn. Eis Gesellschaft muss kënnen aushalen, datt mer mat Aarmut konfrontéiert sinn.”
Déi Gréng hunn dann och hir nei Memberen um Neijoerschpatt begréisst. Zanter Oktober sinn et där ëmmerhin 200 méi. Wat d’Parteipresidente sech doduerch erklären, datt d’Walresultat deen een oder anere vläicht wakereg gerëselt hätt, fir sech elo wierklech z’engagéieren.