Och déi europäesch Medikamentenagence EMA confirméiert an engem Avis, datt AstraZeneca ka weider gesprëtzt ginn.
D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert hat jo en Donneschdeg an der Chamber gesot, datt ee Véierel vum schwedesch-britteschen Impfstoff, dee Lëtzebuerg kritt huet, e Lot vu 4800 Dosissen, géif zeréck gestallt ginn, well dee Lous an Éisträich am Verdacht steet Komplikatiounen ze maachen.
An Tëschenzäit huet sech erausgestallt, datt zu Lëtzebuerg de Leit scho 86 Prozent vun deene 4.800 Dosisse gesprëtzt gi sinn. "Dat war awer och gëschter scho gewosst", esou den Direkter vun der Santé. Et wier eng Saach vu Verständnis, déi net ganz kloer war: "Mir hunn effektiv 4.800 Dosisse vun dem Lot kritt. Mir kruten se schonn am Februar, et ass näischt Rezentes. Et sinn nach 690 Dosissen do an déi sinn natierlech direkt isoléiert ginn, a Quarantaine gesat ginn, déi ginn elo net benotzt."
D'Santé hätt bei all de Leit, déi AstraZeneca kruten - also net just bei deene Leit, déi Produit aus dem concernéierte Lot kruten- gekuckt ob do besonnesch Deklaratioune gemaach gi wieren, iwwer Reaktioune respektiv Niewewierkungen.
An 13 Fäll wier dat geschitt, et wieren awer Niewewierkunge gewiescht, déi een sech erwaart hätt, relativ banal Saachen, wéi Grippesymptomer. De Jean-Claude Schmit seet, datt et awer och an 3 Fäll kardiovaskulär Problemer gouf. Dat wieren zum Beispill Leit gewiescht bei deenen de Bluttdrock bësse variéiert huet oder déi Häerzklappe kruten, no der Impfung. Dat hätt sech awer alles arrangéiert: "Aner Impfstoffer maachen och Niewewierkungen", ënnersträicht den Direkter vun der Santé a präziséiert, datt der relativ vill vum Vaccin vu Pfizer/Biontech gemellt gi wieren, deen eigentlech d'Reputatioun hätt relativ gutt verdroen ze ginn.
Et wieren awer och hei alles zimmlech harmlos Saache gewiescht, bëssen Halswéi, bësse Kappwéi, Péng an de Gelenker oder an de Muskelen.
D'Santé rechent domadder, datt Lëtzebuerg Mëtt Abrëll déi éischt Liwwerunge vun Johnson & Johnson kritt, deen um Donneschden vun der europäescher Medikamentenagence zougelooss gouf. "An engem méi spéide Stadion, wa mer och net méi an de Prioritéiten dra sinn, kann een sech duerchaus virstellen, dass dann och d'Hausdokteren de Leit dee kënne sprëtzen."
An Däitschland hat de Gesondheetsminister Jens Spahn jo um Freideg annoncéiert, datt vum hallwen Abrëll un och an den Dokteschpraxisse geimpft gëtt, fir esou méi séier virun ze kommen.
De Jean-Claude Schmit seet, d'Santé wier den Ament amgaang hier Hotline auszebauen. Um Donneschden goufen et do 30.000 Appellen, vun deenen der awer just 10.000 traitéiert goufen.
Ma et hätt ee schonn en extraen Effort gemaach, well am Prinzip wier een opgestallt fir 3.000 Uriff den Dag.