D'Unioun misst hier Responsabilitéit huelen, mä och déi national Politik sollt dem Bierger nolauschteren. En Exportverbuet vun Déieren aus Lëtzebuerg an Drëttlänner huet den Agrarminister am Juli net decidéiert, allerdéngs huet d’Regierung zesumme mat Däitschland an Holland en europäeschen Exportverbuet vu liewegen Déieren aus der EU eraus gefuerdert.
Dass eng Kou nëmme Mëllech gëtt, wa se e Källefchen huet, vergësst een nawell gären. Dass männlech Kaalwer dem Bauer just 10 bis 20 Euro bréngen, doriwwer gëtt och net geschwat. Mä genee dat ass wichteg, wann et ëm Déierentransporter geet. 400 Kaalwer d'Woch - dat sinn der 20.000 d'Joer - ginn aus eisem Land exportéiert - wouhinner?! Net jüst an d'EU! Dass d’Rees e puer dausend Kilometer laang ka sinn, ass kloer, mä dëst Joer ass e Calvaire wéi déi vun 2019 an de Libanon, Geschicht: extra EU heescht den Ament vum Grand-Duché aus, nëmmen England. Egal – et feelt u Kontrollen. Hei an an deenen anere Memberstaaten...
Et hätt ee kéinten e Lëtzebuerger Veto erausginn, eng Virreiderroll vum Grand-Duché, esou ewéi beim Glyphosat, wier awer virun allem e Symbol, well en Exportverbuet an Drëttstaaten am Fong nëmme fir ganz Europa Sënn mécht.
Eng staark EU-Reglementatioun ass e Must, nieft dem Drock vun de Bierger, seet d’Tilly Metz. D’Presidentin vun der Agrarkommissoun Tess Burton erënnert drun, dass den Agrarminister Romain Schneider, zesumme mat Holland an Däitschland en europäeschen Exportverbuet gefrot huet. Dat begréisst och d’CSV, monéiert awer, dass Lëtzebuerg z.B. och eng Ännerung a Saachen Schluechte vu Gefligel bräicht – an enger gréisserer Quantitéit wier dat hei am Land net méiglech, well d’Infrastrukture feelen, seet den Aly Kaes, vun der CSV.
Fir de Marc Goergen geet et awer och drëms, hei ei eis Kontrollen ze maachen, fir den Transit a fir d’Déieren, déi vun hei fort ginn. D’Pirate wëllen d’Veterinärsinspektioun an d’Chamberkommissioun komme loossen.
Méi investéieren fir méi Kontrollen, agesinn, dass lieweg Déiere net mussen am EU-Ausland, mä hei kënnen geschluecht, dout gemaach ginn. An den Drock vum Konsument, net ze vergiessen.