OpgepasstEt ginn nees gefälschte "Police-Maile" verschéckt

RTL Lëtzebuerg
Den Ament ginn nees Maile verschéckt, déi ee wëlle gleewen doen, dass d'Police wéinst engem Sexualverbrieche géint ee ermëttele géif.
© Glenn Carstens-Peters / Unsplash

D’Mail gëtt vun enger Adress, déi den Androck kreéiere soll, dass se dem Generaldirekter vun der Police Philippe Schrantz gehéiert, verschéckt. Wann ee sech d’Mail-Adress, déi hannert dem Numm stécht ukuckt, gesäit een awer, dass dës keng offiziell Mailadress vun der Police ass.

Am Mail selwer ass dann e PDF-Dokument, an deem steet, dass d’Police géint een ermëttele géif, well ee sech am Internet kannerpornographesch Inhalter ugekuckt hätt. Weider heescht et an der Mail, dass ee sech bannent 72 Stonne per Mail bei der Police melle soll, wann een net wéilt, dass d’Police dës Saach an de Meide public géif maachen.

Op dëser Plaz sief drun erënnert, dass d’Police an der Vergaangenheet schonn e puer Mol drun erënnert huet, dass si d’Leit, géint déi si ermëttelt net per Mail kontaktéiert.

Back to Top
CIM LOGO