Dëse Freideg war déi 39. Editioun vum Noel de la Rue. Déi lescht Jore konnte Sans-Abrisen a mëttellos Léit sech an der Hall Victor Hugo zesummefannen, kruten eppes Waarmes ze Iessen an e puer Kaddoe goufen och verdeelt. Dëst Joer huet Covid-bedéngt missten ëmstrukturéiert ginn. Eng Erausfuerderung, där sech d ’ASBL Noel de la Rue awer gären ugeholl huet fir de Sans-Abrien e bësse Chrëschtdag matzeginn
D’Organisatioun vum Noel de la rue war dëst Joer ganz anescht. Op enger Plaz iwwer 400 Sans-Abrisen Iessen zerwéieren, dat war dëst Chrëschtdag net méiglech. Et misst no Alternative gekuckt ginn.
Leon Kraus, President ASLB Noel de la Rue: “Déi gréisst Erausfuerderung war déi ëmzeswitchen vun der enger op déi 7 Plazen, fir déi 7 Plazen ausfindech ze maachen, fir ze kontaktéieren, fir mat deene Léit zesummenzeschaffen. Ech muss soen et war einfach eng wonnerbar Zesummenaarbecht mat deene Verschiddenen, déi am soziale Beräich schaffen. Déi Organisatiounen, also ech wëll keng opzielen, soss vergiessen ech eng, se waren eng sou léif wéi déi aner, fir eis ze hëllefen.”
Och wann een um Freideg de Mëtteg net wierklech zesummen iessen a feieren konnt, wier d’Ofsoe vum Noel de la Rue awer keng Optioun gewiescht.
Anne-Sophie Ries ASBL Noel de la Rue: "Et ass Corona, mee d ’Léit sinn ëmmer nach Mënschen an se brauchen awer nach déi Léift. Och dass mir nolauschteren, dass mir net eppes anescht maache mee eis einfach dohi setzen an soen: Mir sinn fir Iech do. Also ech mengen dat ass ganz wichteg.”
Och de Kaddo, deen op de 7 verschiddene Plazen verdeelt gouf, war der aktueller Pandemie ugepasst.
Cynthia Pereira ASBL Noel de la Rue: “Dëst Joer hu mir eis entscheet zwee dënn Buffe matzeginn, ee méi en decke Buff, eng Mutz an e Petzi, de Rucksak selwer an en Gel hydraulique.”
Opgefall wier, dass d’Zuel vun de Benevollen dëst Joer staark erofgaangen ass, dëst aus Angscht wéinst dem Coronavirus.
Léon Kraus President ASBL Noel de la Rue:“Jiddereen huet e bësse sou ofgewaart, Onsécherheet a keen well eppes falsch maache, do huet et och u Motivatioun verlaangt. Lescht Joer hate mir 80 déi gehollef hunn, dëst Joer sinn mir op 40 erof.”
An 3 Raimlechkeeten, déi Stëmm vun der Strooss der ASBL zu Verfügung gestallt huet, kruten d’Leit eppes Waarmes ze iessen an ee Rucksak. Op deenen anere Plaze konnten Sans-Abrisen sech de Kaddo op e Stand siche kommen. Do gouf et dann och eng Tut mat Iessen a Schneekegkeeten dobäi.