Äntwert op parlamentaresch FroEt gouf e Problem bei der Zefriddenheet-Ëmfro vun der Tracing-Cellule

RTL Lëtzebuerg
Et gouf e Problem mat enger Online-Zefriddenheet-Enquête, déi d'Santé bei Leit gemaach huet, déi vun der Covid-Tracing-Cellule kontaktéiert gi waren.

Wëll et bei den Iwwersetzunge vum entspriechende Formulaire Problemer goufen, konnte Leit, déi de Formulaire ausgefëllt hunn, d'Äntwerte gesinn, déi d'Persoun virdru ginn huet. Natierlech dierf dëst net sinn an de Formulaire gouf desaktivéiert, nodeems d'Santé de Problem gemellt krut. Dës Paperjam-Informatioune confirméiert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng urgent parlamentaresch Fro, déi den CSV-Trio Hansen, Roth a Mosar gestallt hat.

De Formulaire war elektronesch un all Mail-Adresse geschéckt gi vu Leit, déi am Kader vu Quarantän- oder Isolement-Mesure kontaktéiert gi waren. Präziséiert gëtt, datt d'Matmaache fräiwëlleg war an d'Informatiounen anonym waren, och wann et wéi gesot dësen elektronesche "Bug" awer gouf.

Eng Autorisatioun vun der nationaler Dateschutzkommissioun hätt een heifir net gebraucht, seet nach d'Paulette Lenert.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO