Zeienopruff vun der PoliceEt gouf illegal Dreck um Feldwee tëscht Ell, Lannen a Rued deponéiert

RTL Lëtzebuerg
An deem Kader freet d'Police elo no Zeien an Hëllef vu baussen.

Tëscht e Freideg 6. Januar 12.30 Auer an e Samschdeg 7. Januar 10.30 Auer hunn Onbekannter illegal Dreck a Knascht um Feldwee “Fräschewee” tëscht Ell, Lannen a Rued ofgelueden. Dobäi hunn déi onbekannten Täter oder den onbekannten Täter niewent Metall, Elektro- a Plastikschrott och Holz, Kleeder, eng gefëllten Dreckstut a Karting-Pneuen deponéiert.

An deem Kader sicht d’Police elo no Zeien, déi Indicen zum Täter, engem verdächtegen Auto oder der Hierkonft vum Dreck sou wéi soss Informatiounen hunn. Hei soll een sech ënnert der Nummer (+352) 244 92 1000 oder iwwer Mail op Police.ATERT@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO