
Am Februar hunn 223 Mënschen eng Schutzmesure zu Lëtzebuerg gefrot, dorënner 88 aus der Ukrain, déi eng temporär Protektioun gefrot hunn. Dat waren der 20 Prozent manner wéi de Mount virdrun. 425 Persounen aus der Ukrain hunn dann nach eng Verlängerung vun hirem Schutz gefrot. D’Demandeure vun enger internationaler Protektioun koumen aus Syrien, Eritrea, Afghanistan a Kolumbien.
Dës Zuelen huet den Ausseministère um Donneschdeg de Muere publizéiert. Wéi den 100,7 en Donneschdeg de Moie mellt, géingen no Ouschtere 5 weider Schoulklasse fir Flüchtlingskanner opgoen. Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher hat kritiséiert, datt 45 onbegleete Mannerjäreger net kéinten an d’Schoul goen.