Wat d'Traitementer ugeet, huet een awer aus der éischter Well am Fréijoer Léiere gezunn an d'Behandlungen ugepasst.
Am Fréijoer hätt ee sech virun allem un d'Traitementer orientéiert, déi an Italien oder Spuenien schonn agesat gi wieren. Mëttlerweil wieren awer Etüde gemaach ginn, déi méi effikass Methoden ervirbréngen.
Den Dr. Romain Nati, Generaldirekter vum CHL, faasst déi wichtegst Erkenntnisser zesummen: "Mir wëssen, dass Cortisol-Präparater an enger gewësser Dosis de Verlaf gënschteg beaflosse kann. Mir wëssen och, dass d'Verdënnung vum Blutt wichteg ass, fir Thrombosen ze verhënneren. A mir wëssen, dass et besser ass, e Patient méi spéit ze intubéiere wéi ze fréi."
Och d'Intensivstatioune wiere manner belaascht wéi nach am Fréijoer. Par konter wieren d'Soins intensifs net fir all Patient eng Optioun, erkläert d'Infektiologin vum CHL, Dr. Thérèse Staub: "D'Majoritéit vun eise Patiente kënne mir net op d'Intensivstatioun verleeën, och net wa sech hiren Zoustand verschlechtert, well si ze al sinn. Eng Hospitalisatioun op der Intensivstatioun ka bei Persounen, déi méi wéi 85 Joer hunn a vläicht och scho Virerkrankunge virweisen, net envisagéiert ginn. Well mir wëssen, dass si d'Reanimatioun net géingen iwwerliewen."
Hospitaliséiert ginn am Allgemenge Persounen, déi Schwieregkeeten hunn, Loft ze kréien. Wann ee mam Covid-19 doheem an Isolement ass, soll ee virun allem dorop oppassen, wéi séier een ausser Otem ass. An dann, wa néideg, an d'Spidol goen.
"Déi Leit, déi mir hospitaliséiert hunn, si Leit, déi keng Loft méi kréien. An dowéinst kënne si déi éischt Deeg emol net aus dem Bett opstoen, well si direkt ausser Otem sinn. Si kënne sech net wäschen. A si musse Sauerstoff kréien, sief et duerch eng Mask oder e Brëll."
Well d'Altersstruktur vun de Leit, déi hospitaliséiert ginn, awer aktuell däitlech méi al gëtt wéi nach virun zwou Wochen, géingen d'Hospitalisatiounen och méi laang daueren. Dat kascht vill Kapazitéite beim Personal, dat scho knapp wier. Déi héich Zuelen, déi d'Santé déi lescht Deeg gemellt huet, beonrouegen d'Cheffin vum Service.
"Mir hunn Angscht. Well mir wëssen, dass ronn 10% vun den Infizéierte mussen hospitaliséiert ginn. Dat geschitt awer meeschtens ronn 15 Deeg nom Ufank vun der Infektioun."
Den Dr. Claude Braun, medezineschen Direkter vun den Hôpitaux Robert Schumann, erkläert: "D'Krankheet verleeft an zwou Phasen. Déi éischt Phas ass meeschtens wéi eng Gripp. Da kann et awer bemol an eng zweet Phas iwwer goen, an där Entzündungsparameter fräigesat ginn. Da ka sech den Zoustand bannent wéinege Stonnen oder 1-2 Deeg dramatesch verschlechteren. De Kierper huet dann eng Feelregulatioun vum Immunsystem an da kann de Patient ganz séier intensivflichteg sinn. Dat ka bis zu engem Multiorganversoe goen."
Déi vill Neiinfektioune vun e Freideg weise sech deemno eréischt an e puer Wochen an de Spideeler. Dowéinst wier et elo wichteg, dës Prognosen ze briechen, esou d'Dr. Thérèse Staub weider, fir de Gesondheetssystem net nach méi ze belaaschten.