Optakt vun de WalcampagnenEt kéint ee keng Politik fir jidderee maachen, sou déi Lénk

Anne Wolff
Jean-Marc Sturm
Eng Woch nom Optakt vun de Walcampagnen hunn déi Lénk hire Kaderwalprogramm fir d’Gemengewale presentéiert, dat ënnert dem Slogan "Rësel deng Gemeng".
Walcampagne bei déi Lénk
Eng Woch nom Optakt vun de Walcampagnen hunn déi Lénk hire Kaderwalprogramm fir d’Gemengewale presentéiert, dat ënnert dem Slogan “Rësel deng Gemeng”.

Déi Lénk bei de Gemengewalen - Reportage Jean-Marc Sturm

Amplaz Floskel-Politik wéilt ee konsequent Ëmsetzung vun Iddien, et kéint een nu mol keng Politik fir jidderee maachen. Déi rout Partei fillt sech och gréng, a fuerdert eng Tempo-30-Limitt an den Dierfer. Dat géif d’Loftqualitéit verbesseren a gläichzäiteg den Trafic reduzéieren, well den Auto da just nach op den Haaptachsen ënnerwee wier.

Bei grousse Projeten, sief et am Bau oder bei der Energie, géifen déi Lénk gär op d’Meenung vu Jidderengem setzen, dat iwwert méi Biergerbedeelegung a méi Transparenz. Am Beräich Logement viséieren déi Lénk 10 Prozent abordabel Wunnenge bis 2030 un, dobäi wier et un der Gemeng, och aner Wunnformen z’ënnerstëtzen, zum Beispill WGen oder Wunnkooperativen. De Co-Parteispriecher Gary Diderich: “Do setzen d’Leit sech zesummen an enger Kooperativ, se kafen zesummen de Wunnraum a bezuelen ee klengen Undeel fir dee Wunnraum ofzebezuelen. Den Terrain soll am beschte Fall do erausgerechent ginn. Do sollen d’Gemeng an de Staat eng Roll spillen, fir dass deen net dran ass. An, et ka keen herno aus deem Wunnraum ee Mehrwert maachen, deen ass aus der Spekulatioun erausgezunn”.

Méi sozial soll fir déi Lénk och de Waasserpräis ginn an zwar iwwert eng Stafflung, bei där 50 Liter pro Kapp an Haushalt gratis wieren, éier de Präis progressiv an d’Luucht geet. Déi Lénk sinn aktuell a 7 Proporzgemenge vertrueden: An der Stad, zu Esch, Déifferdeng. Diddeleng, Suessem Péiteng a Schëffleng.

Vun den 135 Kandidaten si bal d’Hallschent, 63 fir genee ze sinn, Fraen. Derbäi och 29 Net-Lëtzebuerger an och Leit mat der duebeler Nationalitéit.

Et wëll een an de 7 Gemengeréit an deenen ee vertrueden ass, dat aktuellt Resultat wa méiglech verbesseren. Zu Schëffleng hëlt een en éischten Ulaf, zu Péiteng ass et den zweeten.

Zu Esch a Suessem an och an der Stad wëll ee vun 2 op 3 Sëtz klammen, zu Diddeleng an Déifferdeng vun engem Mandat op 2.

Back to Top
CIM LOGO