
D’Verhandlunge fir en neie Kollektivvertrag fir 20.000 Salariéë wieren um Nullpunkt.
De Groupement vun den Entrepreneuren an d’Federatioun vun de Constructiounsentreprise géingen de legitimme Fuerderunge vun de Syndikater kee Gehéier schenken, heescht et an engem Communiqué vun OGBL an LCGB.
E Mëttwoch de Moie wëllen d’Gewerkschaften d’Press an de Public am Detail informéieren.