An eenzele FällEt koum vir, datt Operatiounen am Ausland hu misse verréckelt ginn

RTL Lëtzebuerg
Deels hu Leit och mussen d'Sue fir eng Operatioun am Ausland virstrecken, well et nach keng Autorisatioun vun der Gesondheetskeess gouf.

Dat äntwert den LSAP-Sozialminister Claude Haagen op eng parlamentaresch Fro vun der CSV. D’Deputéiert Martine Hansen a Max Hengel hunn op Grond vun engem Eenzelfall Informatioune vum Minister gefrot. Do hat e Patient Sue misse virstrecken, well een net séier genuch eng Autorisatioun fir den Transfert an d’Ausland krut. De Fall hat och de Wee an déi sozial Medie fonnt, datt iwwert de Facebook vun der Annie Nickels-Theis.

Dat géing virkommen, wier awer seelen, sou de Minister. Allgemeng géingen d’Demanden, fir e Patient am Ausland behandelen ze loossen, well et hei net méiglech ass, séier traitéiert ginn. Den 1. Dezember zejoert war d’Prozedur vereinfacht ginn, doduerch géing et och nach méi séier goen. Konkret Delaien, no wéi vill Deeg d’Patienten an der Reegel eng Äntwert kréien, ginn net genannt. De Minister präziséiert, datt an Noutfäll d’Demanden och den Dag selwer oder no der Iwwerweisung an d’Ausland kënnen ageschéckt ginn.

Back to Top
CIM LOGO