
De Chômage geet liicht zeréck a läit bal um Niveau vu virun der Kris. Den Taux läit bei 5,5%.
15.641 Leit waren am September bei der ADEM ageschriwwen. Par Rapport zum September zejoert ass dat e Minus vun 12,8%.
Méi wéi d'Hallschent vun den Demandeurs d'emploi sinn allerdéngs am Laangzäitchômage.
4.479 Leit waren an enger Beschäftegungsmesure.
Am September goufe 4.299 fräi Poste bei der ADEM deklaréiert, 38% méi wéi am September zejoert.
Dee Secteur wou am meeschte gesicht gëtt ass dee vun der Comptabilitéit an Audit.