Den 1. Mee 2022 wier e Bommesuccès gewiescht, den OGBL huet sech duerchgesat a geet gestäerkt aus enger haarder Zäit ervir. Mat deem Message huet d’Presidentin vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Nora Back hir Ried an der Abtei Neimënster am Stater Gronn ugefaangen. Den OGBL géing net vergiessen, datt en deen eenzege war, dee sech géint déi grouss ugeluechten Attack vum Patronat op den Index gewiert hätt. Elo am Mäerz hätten d’Sozialpartner den Index, der OGBL-Presidentin Nora Back no, souguer formell ofgeséchert.
“Alles dat ass just d’Resultat vun eisem gemeinsamen Engagement. Mir sinn haut en OGBL dee gestäerkt aus enger haarder Zäit erausgeet. Dee vun alle Säiten attackéiert ginn ass.”
D’Nora Back huet drun erënnert, datt bal d’Hallschent vun de Leit, déi hei am Land schaffen, Frontaliere sinn - si géingen awer op villen Niveauen ausgeschloss an diskriminéiert ginn.
D’OGBL-Cheffin huet sech da solidaresch erkläert mat de franséische Syndikater an de Leit, déi haut a Frankräich op en Neits géint d’Pensiounsreform op d’Strooss ginn. Gläichzäiteg war et d’Warnung un d’Patronat zu Lëtzebuerg, et géing ee keng Verschlechterung vun de Pensiounen zouloossen. Am Contraire misst d’Mindestrent an d’Luucht gesat an de Pensiounsystem verbessert ginn, fir géint en ëmmer méi héije Risiko vun Altersaarmut virzegoen.
“Et ass och eng Warnung un d’Patronen zu Lëtzebuerg, déi elo och schonns no Pensiounsverschlechterunge jäizen an un all hir politesch Alliéiert: Den OGBL léisst keng Attacken op eise Pensiounssystem zou!! A wann se et probéieren, wäerten se et genee esou ze spiere kréien wéi a Frankräich.”
Fir d’Gesondheet an d’Situatioun vun de Salariéën op der Aarbecht ze verbesseren an nees méi Leit aus dem Ausland unzezéien, fuerdert den OGBL eng Aarbechtszäitverkierzung mat vollem Lounausgläich. Dofir bréicht et dem OGBL no och keng Etüden.
“Wat net heescht mir brauchen Etüden, wat aner Länner maachen. Mir mussen eis e Beispill un hinnen huelen an et einfach just duerchzéien. Wat awer och net heescht, nämmlecht vill Stonnen anescht ze verdeelen oder méi vun doheem aus ze schaffen. Mä wat einfach heescht, manner Stonnen ze schaffen.”
D’Kollektivverträg wieren iwwerdeems dee beschte Wee, fir a Saachen Aarbechtszäit Léisungen ze fannen, déi op de Secteur an de Betrib ugepasst sinn. Duerch eng Aarbechtszäitverkierzung an eng Moderniséierung vum Aarbechtsrecht géing een och verhënneren, datt d’Leit duerch d’Aarbecht krank ginn.
Am Commerce, bei de Garagen an am Horeca bréicht een och eng sektoriell Verhandlungsflicht. D’Nora Back huet d’rezent Aussoe vum UEL-President Michel Reckinger hei op der Antenn zréckgewisen, den Aarbechtsministère wier d’Antichamber vum OGBL. Wann dat esou wier, da wieren eng sëllege versprache Reformen scho längst op de Wee bruecht ginn.
“Näischt dovun ass passéiert, sou datt ee sech éischter d’Fro muss stellen, ob den Här Reckinger vun der politescher Realitéit iwwerhaapt eppes matkritt oder, ob et him just drëms geet, seng notoresch Gewerkschaftsfeindlechkeet an d’Fënster ze stellen.”
Och d’Cargolux war natierlech en Thema an der Ried vun der Presidentin vum Onofhängege Gewerkschaftsbond. D’Nora Back huet bedauert, datt d’Cargolux no 10 Méint Verhandlungen ouni Accord, e Recours géint d’Conciliatioun aleet. Hei géing d’grondsätzlecht Recht vun de Gewerkschaften, an d’Schlichtung ze goen, a Fro gestallt ginn, esou d’Nora Back.
“Si stellen et elo a Fro, datt d’Conciliatioun sech dem Dossier ugeholl huet a si gi souguer dogéint op d’Geriicht. Dat ass eng flagrant Attack op e weesentlecht Instrument vum Sozialdialog zu Lëtzebuerg an op d’Streikrecht.”
D’Situatioun bei der Cargolux géing weisen, datt eng Reform vum Kollektivvertragsgesetz néideg wier. Hei misst ënnert anerem e Recht op e Warnstreik wärend de Verhandlungen agefouert ginn.
Den OGBL fuerdert dann ëmmer nach eng Hausse vum Mindestloun ëm 10 Prozent. Et misst séier e Gesetz fir d’Plattformaarbecht kommen an am Sënn vum Respekt vun de Mënscherechter och en Devoir de vigilance fir d’Betriber.
Och op d’Fest vun der Aarbecht vum OGBL hu kuerz virun de Walen natierlech eng Rei Politiker hire Wee fonnt, dorënner den LSAP-Aarbechtsminister Georges Engel a säi Virgänger Dan Kersch, d’LSAP-Presidente Francine Closener an Dan Biancalana an déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché.