
“Wunns du zu Kiischpelt?”, déi Fro rutscht vläicht alt mol engem raus, dee sech am Norde vum Grand-Duché net esou auskennt. Richteg wier par Konter: “Wunns du am Kiischpelt?” Et gëtt nämlech keng Uertschaft mat deem Numm, mee sou heescht dee ganze Streech tëscht, graff gesot, Wolz am Westen a Clierf an Housen am Osten. Den Numm Kiischpelt kënnt iwwregens vum däitsche Wuert “Kirchspiel”, wat op déi fréier Par vu Pënsch zeréckgeet. An der Gemeng wunne knapp 1.300 Leit, déi sech op siwen Dierfer an 33,5 Quadratkilometer verdeelen.
Zanter 2017 steet den Yves Kaiser un der Spëtzt vun der Gemeng Kiischpelt. Schonn 2011 war de gebiertege Kautebaacher eng éischte Kéier mat an d’Wale gaangen an hat direkt déi meeschte Stëmme kritt. Deemools gouf nach an zwou Sektioune gewielt, well de Kiischpelt ass 2006 aus enger Fusioun tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz entstanen. Den deemolege Schäfferot hätt hien an ee Kolleeg gefrot, ob si net mat an d’Wale wéilte goen, well si virdru schonn an de Veräiner aktiv waren. Ma, datt et direkt esou gutt lafe géing, domadder hat den Yves Kaiser dann awer net gerechent.
Buergermeeschter gouf deemools nees den Armand Meyer, deen, wéi e sech 2017 aus der Gemengepolitik zeréckgezunn huet, net manner wéi 42 Joer am Stéck Gemengepapp war, Rekord zu Lëtzebuerg. Vun him hätt hien immens vill doriwwer geléiert, wéi eng Gemeng funktionéiert. Den Yves Kaiser schafft beim Staat an ass frou, soen ze kënnen, datt hien do kee Problem huet, fir säi Congé politique kënnen ze huelen. Hien hätt och net d’Gefill, datt hien duerch seng politesch Aktivitéiten ze vill op der Aarbecht verpasst. Den Yves Kaiser ass DP-Member, ma well een de Majorzsystem hätt, géing Parteipolitik awer guer keng Roll spillen.
De Kiischpelt ass wéi gesot eng Fusiounsgemeng a gehéiert trotzdeem, wat d’Awunner ugeet, zu deene klengste vun den 100 Gemengen am Land. Et schaffen iwwregens sechs Leit an der Administratioun a siwen am Service technique. Trotzdeem géing ee kee Besoin gesinn, fir an nächster Zäit nees ze fusionéieren. Mat Kautebaach a Wëlwerwolz wier “beienee komm, wat beienee gehéiert huet”. Et hätt sech dobäi ëm een natierlechen Zesummeschloss gehandelt, well d’Kanner vu Kautebaach scho länger an d’Primärschoul op Wëlwerwolz, de Schoulkauz, gaange sinn. Bei enger weiderer Fusioun misst een dann awer mat engem méi grousse Partner zesummegoen. De Kiischpelt grenzt u Buerschent, Clierf, Géisdref, Parc Housen a Wolz.
Datt Fusiounen ëmmer nees am Raum stinn, läit esouwuel dorunner, datt d’Gemengen ëmmer méi an och ëmmer méi komplex Aufgaben iwwerhuele mussen, wéi och dorunner, datt grad vill kleng ländlech gepräägte Gemenge finanziell net esou gutt do stinn. Do ass och de Kiischpelt keng Ausnam.
Am Moment géing sech d’Schold op de Kapp mat ronn 1.900 Euro nach a Grenzen halen, mee och wann een an der Vergaangenheet ëmmer nees Suen op d’Säit geluecht huet, wäert een awer net laanscht weider Emprunte kommen. An deenen nächsten zéng Joer wäert een nämlech eleng an d’Gestioun vum Ofwaasser eng 19 Milliounen Euro investéieren.
Virun deem Hannergrond ass ee frou, datt et zanter e puer Joer erlaabt ass, datt d’Gemenge Kläranlage bauen, un déi e puer Uertschafte gläichzäiteg ugeschloss sinn. Do gëtt dann och deels iwwert d’Gemengegrenzen ewech zesummegeschafft. Sou plangt een zu Lellgen eng Kläranlag, un déi nieft déi véier Uertschafte vun der fréierer Gemeng Wëlwerwolz och zwou Uertschafte vu Clierf ugeschloss solle ginn. Esou géing ee méi grousst Gebai gebaut, an deem am Endeffekt déi selwecht Technik dra wier, déi soss op e puer méi kleng Gebaier verdeelt géing ginn. Dat géing esouwuel beim Bau wéi och spéider beim Entretien Käschte spueren.
Nieft der Gestioun vum Ofwaasser ass och d’Schafe vu bezuelbarem Wunnraum ee Sujet am Kiischpelt. Zanter 2018 hätt een Terraine fir 25 esou Wunnunitéiten erschloss.
Eng aner Plaz, wou d’Gemeng och gäre Wunnraum schafe géing, awer net kann, ass zu Wëlwerwolz, méi genee am sougenannte Sproochenhaus. Zanter 2016 gehéiert et dem Staat, deen et ënnert der Bedingung krut, datt et fir edukativ Zwecker genotzt muss ginn. Et war och ee Projet vum Educatiounsministère an Zesummenaarbecht mam Clierfer Lycée Edward Steichen ugeduecht, mee bis haut huet sech näischt gedoen an et kann och keen engem soen, ob de Projet gestuerwen ass, respektiv, falls net, wou en drun ass. Datt de Staat engersäits selwer näischt mam Gebai mécht an anerersäits awer och der Gemeng keng Méiglechkeet gëtt, do ee Projet ze realiséieren, wier schonn e bëssi frustrant.
Eng aner Plaz wou sécher Wunnraum entstoe wäert, ass de Site vun der fréierer Kontrollstatioun. Wat Sandweiler fir den Zentrum vum Land ass, war Wëlwerwolz laang Jore fir den Norden. Ma 2020 ass déi nei Kontrollstatioun zu Maarnech opgaangen an zu Wëlwerwolz goufen d’Dieren zougemaach. Vu bausse mierkt een am Fong keng Ännerung. Wann een zu de Fënsteren erakuckt, gesäit een awer, datt d’Gemeng hei mëttlerweil Material stockéiert. Dee ganze Site gehéiert och der Gemeng an ass am PAG als PAP Nouveau quartier klasséiert. Wéini d’Baggeren hei rulle wäerten, ass awer nach net kloer, well ee fir d’éischt aner Projete ëmsetze wéilt.
Duerch d’Plënnere vun der Kontrollstatioun ass den Autostrafic am Kiischpelt, notamment vun Housen erfort, ee gudde Krack zeréckgaangen. Eng wichteg Roll spillt awer nach ëmmer d’Bunn. Mat Kautebaach a Wëlwerwolz ginn et zwou Garen am Kiischpelt, déi och vun enger Partie Leit aus der ganzer Regioun genotzt géinge ginn, fir op hier Aarbecht ze kommen. D’Frequenz wier mat engem Zuch all hallef Stonn a béid Richtunge gutt. Wat den Ausbau vun der Nordstreck, deen dacks gefuerdert gëtt, ugeet, weist den Yves Kaiser sech éischter zeréckhalend.
Am August 2022 war den Tunnel Schiebuerg, deen um Terrain vun der Gemeng Kiischpelt läit, an ee Koup gefall, wat massiv Repercussiounen op den ëffentlechen Transport am Éislek hat. Datt et quasi ee Joer gedauert huet, bis d’Stréck nees opgoung, hat fir vill Kritik gesuergt. Den Yves Kaiser geet awer net dovunner aus, datt d’Aarbechten éischter fäerdeg gewiescht wieren, wann deen Incident am Zentrum oder am Süde vum Land geschitt wier.
Wat d’Barrièren zu Äischer, Kautebaach a Wëlwerwolz ugeet, sou dierften déi nach esoubal net verschwannen. D’CFL wëlle jo esou vill vun deenen iwwerierdeschen Iwwergäng wéi méiglech suppriméieren, ma dat wier an der Gemeng Kiischpelt awer net sou evident. Dat well d’Barrièren esouwuel matten an den Uertschafte leien wéi och an der Géigend vu Baachen, wou also een Héichwaasserrisiko besteet. Bei Mäerkels gëtt et iwwregens eng Gare, wou den Zuch op Demande stoe bleift. Hei wollt d’Gemeng ee Busarrêt ariichten, ma dofir misst awer ee richtege Quai gebaut ginn, fir deen awer keng Plaz ass. Hei géing den Yves Kaiser sech wënschen, datt een Ënnerscheed tëscht méi urbanen a méi ländleche Gemenge gemaach géing ginn.
A well de Kiischpelt ebe ganz ländlech gepräägt ass, ass d’Zuel vun den Aarbechtsplazen och iwwerschaubar. Eng Industriezone oder Zone Artisanale wier nëmme schwéier ze realiséieren, an den Däller géing Héichwaassergefor bestoen an d’Plateauen op de Koppe wieren net esou gutt un de Verkéier ugebonnen. Dobäi kënnt, datt grad emol dräi Prozent vum Territoire vun der Gemeng am Bauperimeter leien, de Rescht an der Zone verte an dovu stinn dräi Véierel ënnert Naturschutz. Do ass et wéineg iwwerraschend, datt ee wirtschaftlech virun allem op den Tourismus setzt.
Fir d’Hoteller mat Restauratioun, zum Beispill zu Kautebaach, wier d’Situatioun awer méi schwéier wéi fréier. Dat géing och dorunner leien, datt d’Leit, déi hei wunnen, manner d’Gewunnecht hätte fir, virun allem an der Woch, zesummen een drénken ze goen.
De Kiischpelt war laang een “Hotspot” vum Louschläissen. Mëttlerweil ginn d’Hecken awer net méi reegelméisseg geschlass an zanter ronn 15 Joer gëtt et och kee Loufest méi. Hien hätt awer héieren, datt dat rëm relancéiert soll ginn, esou den Yves Kaiser. Dat géing jo och passen, ëmmerhi gehéiert d’Louschläissen zanter dësem Joer zum immaterielle Weltkulturierwe vun der UNESCO.