
De Joël Delvaux vum onofhängege Gewerkschaftsbond, deen déi behënnert Mataarbechter um Kräizbierg vertrëtt, kritt virgehäit, den Drock op de Verwaltungsrot wéinst privaten a perséinlechen Interêten ze erhéijen. Eng sëllegen Dokumenter sollen déi Behaaptung ënnermaueren.
Et si Bréiwer vun Affekoten. Bréiwer vu Syndikalisten a vun engem Aarbechtsdokter. Ënnert anerem. Eng Persoun steet am Mëttelpunkt. Si gëtt an dësem Text net mam Numm genannt. Dës Persoun ass Aide-soignante bei der Fondatioun Kräizbierg a si ass zanter 2016 zesumme mam Joël Delvaux, deen an enger Struktur vun der Fondatioun Kräizbierg wunnt, an dee Conseiller am Departement vun den handicapéierte Salariéë vum OGBL ass.
Dës Relatioun tëscht Aide-soignante a Bewunner bannent der selwechter Struktur vum Service "Betreit Wunnen Gaasperech" vun der Fondatioun Kräizbierg steet um Ufank vun engem laange Konflikt tëscht der Salariée an der Fondatioun. Am Januar 2017 hätten d'Fra an de Joël Delvaux sech virum Rescht vun de Mataarbechter an der zoustänneger Direktioun als Koppel geout. An de Wochen a Méint duerno hätt d'Fra permanent Remarken iwwert sech ergoe misse loossen, ewéi aus engem Schreiwes vum OGBL am Numm vun der Aide-soignante un d'Fondatioun Kräizbierg ervirgeet. Déi deemoleg Direktioun hätt näischt ënnerholl. D'Aarbechtsklima wär deemools net méi ze rette gewiescht, esou dass d'Fra hätt wëllen, jo hätt missen, de Poste wiesselen. Den 1. August 2018 hätt si op enger neier Plaz kënnen ufänken. 3 Deeg duerno hätt si en Nervenzesummebroch gehat. Zanterhier huet si net méi geschafft. Och dat geet unanime aus de Piècen ervir, déi RTL virleien.
An de leschten zwee Joer goung et dunn hin an hier tëscht der kranker Aide-soignante an hirem Employeur, der Fondatioun Kräizbierg. D'Commission mixte de reclassement huet den 13. Mäerz zejoert eng Decisioun geholl, déi am Fong weder d'Fra selwer, nach d'Fondatioun arrangéiert huet: d'Fra soll intern reklasséiert ginn, de Posten also nees wiesselen. Si ass ni ugetrueden.
Mir maachen e Sprong no vir. September 2020: d'Fondatioun Kräizbierg steet voll ënner Beschoss vum OGBL. De Joël Delvaux reprochéiert dem Direktiounscomité vun der Fondatioun ëffentlech Mobbing a fuerdert mëttlerweil, dass Käpp solle rullen. Zu der selwechter Zäit an och déi lescht zwee Joer iwwer vertrëtt hien als gewerkschaftleche Beroder d'Interêten vun der Aide-soignante am Konflikt mat hirem Employeur. Esou zum Beispill den 10. September. Den Affekot vun der Aide-soignante huet sech mat enger Delegatioun vum Verwaltungsrot getraff, dorënner de Generaldirekter vun der Fondatioun Kräizbierg, fir ze kucken, ob ee sech net am Gudde kéint eens ginn, fir d'Aarbechtsrelatioun opzeléisen. D'Fra selwer kéint aus gesondheetleche Grënn net mat dobäi sinn, hat den Affekot am Virfeld annoncéiert. Dofir awer: de Joël Delvaux, als Syndikalist. Op d'mannst eng onglécklech Situatioun.
Am Schreiwes, mat deem RTL dësen Dossier iwwermëttelt krut, kritt de Joël Delvaux virgehäit, d'Leit vum OGBL fir seng exklusiv privat Zwecker ze mëssbrauchen an am Sënn vu senger "Campagne'" ze handelen. Virun der Versammlung iwwer d'Zukunft vun der Aide-soignante hätt hien am Numm vum OGBL nach séier eng Plenière den 8. September fir d'Salariéeë vum Kräizbierg organiséiert, fir den Drock z'erhéijen. Et si wéi gesot Reprochen.
Op Nofro hin distanzéiert sech den Administrateur délégué vun der Fondatioun Kräizbierg, de Jeannot Berg, vun dëse klore Reprochen. Hie versteet zwar, dass een d'Fro vum Motiv vum Joël Delvaux kéint opwerfen.
Och d'Membere vum Verwaltungsrot kruten déi vill Bréiwer, déi de Konflikt mat der Aide-soignante dokumentéieren. Dem Jeannot Berg no ass dat ee vu 5 eenzelen Dossieren, déi d'Gewerkschaft dem Verwaltungsrot an der Affär ronderëm presuméierte Mobbing ginn huet.
Wat d'Aide-soignante ugeet: den 10. September wär eng Propositioun, fir am Gudden auserneen ze goen, festgehale ginn. Déi géif hien den nächste Freideg mat an de Verwaltungsrot huelen.