Déi aktuell Corona-Restriktiounen am Land bleiwe weider bestoen an dat bis op d’mannst de 15 Januar. Deemno bleiwen den Horesca Secteur, Fitnesszenteren, Theateren a Kinoen zou. Och déi geplangte Reprise am Sport Ugangs Januar fält aus. Fir d’Feierdeeg wäerten et also keng Exceptioune ginn. D’Ausgangsspär bleift och bestoen. Just zwou Persounen aus engem Stot däerfen invitéiert ginn. Dobäi kënnt e méi präziist Sécherheetskonzept fir Grandes-Surfacen.
Et géing ee sech nëmme nach op dat Weesentlecht konzentréieren, e Client soll net, wéi soss, an der Gallerie verweilen, dat sot de Max Koster, Gérant vun der City Concorde en Donneschdeg de Moien am RTL-Interview. E gezielte Shopping also, keng Stänn an der Galerie, keng Aktivitéiten an elo dann och offiziell keen Iessen an Drénke méi am Akafszenter selwer. Den Take-Away kéint een de Betriber, déi jo schonn haart getraff sinn, net verbidden, mä de Client soll beim Kaf dorop higewisen ginn, dass de Kaffi oder den Eisekuch net méi dobannen dierf consomméiert ginn. Et géing elo eng einfach Reegel ginn, esou de Max Koster.
“De Mask muss sans exception am Gesiicht bleiwen, iwwert der Nues a net ënnert dem Kënn! Ech si frou, dass et elo eng legal Basis gëtt an dass de Client dann och weess, dass dat vun der Regierung kënnt a net vun der Direktioun vun engem Akafszenter. An och d’Grandes-Surfacen zesumme kënnen all un engem Strang zéien, gezwongenermoossen, mä dass dat da vu jidderengem gemaach gëtt.“
Fir dass dann net ze vill Leit op enger Plaz zesummekommen, hätt een eng 200 Parkplazen zougemaach. Esou dass och keng Schlaange virum Agang vum Akafszenter entstoe sollten. Dës Mesure wier awer scho méi laang en place, wéi d’Reegel koum, dass sech 1 Persoun op 10 Metercarré ophalen dierf.
Bedauert gëtt par conter, dass keng Méiglechkeet opgelooss gouf, fir dass d’Restaurante wéinstens an der Mëttesstonn kéinten opbleiwen. Ronderëm wiere weiderhin vill Aarbechtsplazen an och d’Personal aus dem Akafszenter misst enzwousch iessen. Well ee sech awer néierens méi sëtzen dierf an et dobausse kal ass, hätt een absurd Situatioune bemierkt, esou de Max Koster.
„An der Mëttesstonn ass et e Problem. Wann d’Leit elo an engem Büro zesummesëtzen an da sëtze se jo awer zesummen op engem Dësch, oder si sëtzen an den Autoen zesummen oder an den Trapenhaiser, dann hu mer och net vill geschafft. An der Theorie vläicht jo, mä um Terrain net.“
Eng Iwwerleeung wier, esou de Gerant vun der City Concorde, dass d’Restauranten nëmmen an der Mëttesstonn fir zum Beispill zwou Persounen op engem Dësch hätten kënnen op bleiwen.
Ganz haart getraff ass de ganzen Horesca-Secteur, deen also weiderhi fir e Mount wäert mussen zoubleiwen.
Am RTL-Interview huet de Generalsekretär François Koepp nach emol gefuerdert, dass de Secteur zu 100% misst entschiedegt ginn, an et géif een et net normal fannen, dass déi annoncéiert staatlech Hëllefen esou laang géife brauchen. Bei ville Betriber géifen d’Liquiditéite knapps ginn, a se kéint een keng Rechnungen oder Salairë méi bezuelen.
