Rentrée Déi GréngEt stinn elo nees aner Themen am Virdergrond ewéi d'Pandemie

Monica Camposeo
Sécherheet, eng sozial gerecht Klimapolitik, d'Stäerkung vum Gesondheetssystem, dat waren ënner anerem Themen op der Rentréespressekonferenz vun déi Gréng.
Rentrée Déi Gréng
Sécherheet, eng sozial gerecht Klimapolitik, d'Stäerkung vum Gesondheetssystem, dat waren ënner anerem Themen op der Rentréespressekonferenz vun déi Gréng.

Steiervirdeeler sollten och ënner d'Lupp geholl a reevaluéiert ginn, fir dass Steierkaddoe kënnen verhënnert ginn. Dat notamment wat de Logementsproblem ugeet.

Wat d'Presentatioun vum Budget nächst Woch ugeet, wier et elo net un der Zäit, fir eng Spuerpolitik ze bedreiwen. Dat géing just op Käschte vun nächste Generatioune goen.

Fir méi Sécherheet wéilt een d’Quartiere méi beliewen, esou dass et automatesch manner Plaze fir Kriminalitéit gëtt. Och d’Dezentralisatioun wier dofir wichteg. Donieft soll och d’Police gestäerkt ginn, dat duerch méi Rekrutement.

Ausserdeem wéilt een och weiderkommen am Dossier Cannabislegaliséierung, wou bis ewell nach diskutéiert gëtt. Déi gréng Fraktioun wollt sech dozou och net äusseren, well nach näischt konkret wier. Ma dräi Punkte wéilt een awer erreechen: Eng Entkriminaliséierung vum Konsument, legal Alternativen zum Schwaarzmaart an eng besser a méi ausgebaute Preventioun an Therapieméiglechkeete géint Suchtverhalen. Dat géing een och nach an dëser Legislaturperiod ustriewen.

Allgemeng géing d’Aarbecht an der Koalitioun da gutt fonctionéieren, och wann Upassunge vum Koalitiounsvertrag hu misse gemaach ginn, wéi dat zum Beispill bei der Steierreform de Fall ass. Dëst Versprieche ka jo wéinst der Pandemie elo net méi ëmgesat ginn.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun déi Gréng

Back to Top
CIM LOGO