
De Luc Frieden seet wuel, datt Bierger sollen op spezifeschen Themen an e breeden Dialog agebonne ginn, mä deen Exercice soll eeben net duerch eng Prozedur mussen duerchgefouert ginn.
Nodeems d’Etüd vun der Uni iwwert de Fonctionnement vum Klimabiergerrot analyséiert gouf, seet de Premier, datt sou participativ Projeten an Zukunft besser sollen organiséiert ginn.
Beispiller, wou d’Bierger sollen ëm hir Meenung gefrot ginn, sinn d’Reform vum Pensiounssystem oder och Froe vun der Landesplanung, sou de Luc Frieden.
Liest hei déi komplett parlamentaresch Fro an d’Äntwert vum Staatsminister.