Et ware schwéier Reprochë vum Affekot Georges Krieger: D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg hätt de Roberto Traversini an der sougenannter Affär "Gaardenhaischen" wëllen decken.
De Mike Wagner, éischte Beroder vun der Ministesch, hat am Interview e bloen Dossier am Grapp, den Dossier "Traversini", an deen RTL och Abléck hat. Verdeedegt huet sech d'Madamm Dieschbourg awer net selwer, mä en héije Beamten huet dat iwwerholl. Wisou dat, wa si näischt ze verstoppen huet? Dorop hat de Mike Wagner dës Äntwert: "D'Justiz ass befaasst mat deene verschiddenen Aspekter vun der Affär. Mir gesi wierklech elo net, wou e Problem am Fong wär. Et ass eng Decisioun vun der Ministesch, dass si elo dës Woch net kommunizéiert, well et näischt ze kommunizéiere gëtt. Si huet sech näischt virzewerfen, den Dossier ass gelaf, wéi se normalerweis hei lafen."
Nämlech esou: De Roberto Traversini mécht den 9. Juli eng Demande, fir Renovatiounsaarbechten un der Fassade vum Gaardenhaischen an der Natura2000-Zone, nodeems e Fierschter ëm sot, dass en dofir eng Autorisatioun bréicht. Jo, d'Demande kënnt ze spéit. Den Ëmweltministère hätt d'Demande kritt, d'Naturverwaltung hätt eng Decisioun preparéiert.

E Fierschter wär mam Roberto Traversini op der Plaz gewiescht. De Mike Wagner fiert weider: "En huet eben och festgestallt, dass do eng nei Fënster era gebrach ginn ass. Hien huet dat a seng Preparatioun vum Dossier mat opgeholl. An der Decisioun, déi d'Madamm Dieschbourg ënnerschriwwen huet, steet dran, dass dat muss zeréckgebaut ginn, dass dat net ka geneemegt ginn. Et steet dran, dass Brieder als Renovatiounsaarbecht un d'Fassade dierfe kommen, an et steet dran, dass den Daach dierf nei gemaach ginn, dass keng Vergréisserung a virun allem kee Changement d'affectation dierfe stattfannen."
Den 12. August huet d'Ministesch ënnerschriwwen, d'Autorisatioun hänkt aus. E Mandant vum Maître Krieger ass dogéint a Recours gaangen. An engem Lieserbréif schreift den Affekot: D'Autorisatioun géif géint d'Naturschutzgesetz verstoussen, well keng Preuve do wär, dass d'Gaardenhaische schonn existéiert huet, éier den Terrain protegéiert war. Dofir sot den Affekot Georges Krieger den 24.09.2019: "Bis haut, obschonns e Recours eragereecht ginn ass, huet d'Ministesch déi Autorisatioun nach net réckgängeg gemaach. Dat geet net. Si bleift an hirer Positioun!"
Den Dossier wär net anescht traitéiert ginn, ewéi déi aner 3000 Demandë pro Joer, betount de Beroder vum Carole Dieschbourg. Et wär dofir awer éischter e manner komplizéierten Dossier, dofir och séier autoriséiert: Eng Renovatioun ouni negativen Impakt op d'Natur, heescht et. Mat den aneren Aspekter befaasst sech elo de Parquet. D'Ministesch kommunizéiert weider net.