
De Parquet hat an der leschter Sëtzung scho gefuerdert, datt déi liewenslaang Prisongsstrof, déi an éischter Instanz gefuerdert ginn ass, och bäibehale gëtt. D’Affekote vum Ugekloten hunn dann och e Freideg nach ëmmer e Fräisproch vun hirem Mandant gefrot.
Si hunn an hirem Plädoyer nach eng Kéier opgezeechent, wou d’Preuven hirer Meenung no net géingen duergoen, fir de Beschëllegten hanner Gitter ze bréngen. Sou wier ee bei den Enquêten ënnerschiddleche Pisten net genuch nogaangen. Vun Ufank un hätt d’Famill vum Beschëllegten an och eben de Beschëllegte selwer am Fokus vun der Enquête gestanen. An esou wiere vill Conclusiounen opgrond vu falschen Hypotheese geholl ginn.
De Maître Philippe Penning ass als Affekot vum Ugekloten dann nach eng Kéier op e Rouleau Pechpabeier agaangen, deen net wäit vum verbrannten Auto mat der Läich vum Ana Lopes fonnt ginn ass, an op deem Bluttspuere vun der Victime an DNA-Spuere waren. Et konnt ermëttelt ginn, datt dës DNA-Spuere vun engem männleche Familljemember vum Ugeklote sinn. Wéi se awer dohinner komm sinn, konnt an den Ae vun der Verteidegung nach net genuch gekläert ginn. Och hei wier net genuch analyséiert ginn, wéi sech d'DNA-Spueren zum Beispill kéinten transferéieren oder ob Feeler bei den Analyse gemaach goufen. De Maître Philippe Penning huet sech un d’Riichterin gewannt: "Mir froen, datt der net an d’Fal vun der Versuchung vun der Vereinfachung faalt, a bieden Iech e Raisonnement ze huelen, dat sengem Numm würdeg ass."
Um Schluss hat dann och nach den Ugekloten d’Wuert. Am groen Jogging ass hien da virun d’Riichter getrueden. "Ech hunn de Parquet, d’Partie civile an d’Police géint mech, och wann ech onschëlleg sinn", esou den Ugekloten. Bei senger Verteidegung war hien da just nëmme fir ee Moment veronséchert, an hat vergiess, wat en de Riichter eigentlech nach soe wollt. Huet dunn awer nach wuel e bësse méi vu senger Perséinlechkeet duerchblécke gelooss, wéi dat vum gudden Eedem. Wou d’Riichterin sot, et géing een elo déi Geschicht kennen, datt a senge Bezéiungen eng zwee Méint alles perfekt gewiescht wier, an dono géing den Ugekloten eng aner Säit weisen, sot hien: "Ech weess, et ass meng Schold, déi Frae gewielt ze hunn". An huet nach versicht, en negatiivt Bild vu senger Exfrëndin a Mamm vu sengem Kand ze zeechnen.
D’Urteel am Appell gëtt dann den 11. Januar gesprach.
Appellsprozess ëm de Mord um Ana Lopes - En dënnen Alibi an ëmstridden DNA-Resultater
Appellsprozess Mord-Affär Ana Lopes - "Ech sinn onschëlleg", seet de Beschëllegten och weiderhin