Dat geet aus dem Joresrapport vum CET fir 2022 ervir, deen e Mëttwoch presentéiert gouf.
221 nei Ufroe sinn zejoert beim CET erakomm, e Chiffer dee sech an de leschte 6 Joer praktesch verduebelt huet. Haaptgrënn waren d’sexuell Orientatioun vun de Leit, den Alter, d’Relioun, d’Geschlecht, den Handicap oder d’ethnesch Hierkonft. De President vum CET Patrick Hurst betount, datt dat net forcement heescht datt et méi Diskrimnatiounen gëtt:
“Eng gewësse Polariséierung gesäit ee schonn, datt d’Gesellschaft méi gereizt ass, mee et huet och domat ze dinn, mat enger méi grousser Sensibilitéit.”
D’Gesellschaft wier vill méi sensibel wéi nach virun e puer Joer a rassistesch Beleidegungen géifen zum Beispill vill méi séier signaliséiert ginn. De CET huet zejoert iwwerdeems och d’Aarbechtsannoncen op méiglech Diskriminatiounen hin analyséiert, sou d’Direktesch Nathalie Morgenthaler:
“2022 hate mer 79 diskriminatoresch Annoncen entdeckt, wou mer den Aarbechtsgeber sensibiliséiert hunn, an Zukunft besser op hir Formulatiounen opzepassen. A 77 Fäll war d’Annonce just fir ee Geschlecht ausgeschriwwen, zum Beispill ass eng Sekretärin oder e Mecanicien gesicht ginn, an enger Annonce stoung souwuel den Alter wéi d’Geschlecht dran, an enger Annonce war den Alter präziséiert, wat och verbueden ass.”
Dem CET seng Handhab wier allgemeng relativ geréng, dofir géif ee scho méi laang méi Drockmëttel duerch en neit Gesetz verlaangen. D’Nathalie Morgenthaler ënnersträicht, datt een e puer kloer Fuerderungen huet:
“Et kommen nei Diskriminatiounsmotiver bäi. Verschiddener, déi och scho sou an eisem code pénale stinn an awer och verschiddener, déi vun aneren europäeschen Institutioune recommandéiert ginn. Zum Beispill d’Nationalitéit, Hautfaarf, Identité de genre, expression de genre, ou caracteristique sexuel, Familljesituatioun, Gesondheetszoustand, Sitten, politesch oder philosophesch Meenungen, Gewerkschaftlech Aktivitéiten an d’sozio-ekonomesch Situatioun.”
Elo géif een ofwaarden, wat déi zoustänneg Chamberkommissioun an de Staatsrot zum Gesetzestext géife soen.