Centre national de l’audiovisuelLuc Marteling gëtt neien Direkter vum CNA

Michèle Sinner
Den aktuellen Directeur de l’Information vun RTL Lëtzebuerg, de Luc Marteling, gëtt neien Direkter vum CNA, dat vum 1. Januar 2027 un.
Luc Marteling
De Luc Marteling gëtt neien Direkter vum Centre national de l’audiovisuel (CNA).

Wiessel un der Spëtzt vum Centre national de l’audiovisuel zu Diddeleng. Den aktuellen Directeur de l’Information vun RTL Lëtzebuerg, de Luc Marteling, gëtt neien Direkter vum CNA, dat vum 1. Januar un.

Déi Personaldecisioun gouf haut de Moien am Regierungsrot formaliséiert.

De Carlo Blum, Directeur adjoint vun der Nationalbibliothéik, mécht zanter Enn Abrëll den Interim un der Spëtzt vum CNA. Dat nodeems de viregten Direkter, Gilles Zeimet, no wochelaange Kontroverse wéinst Mobbing-Virwërf an enger defekter Klimaanlag an der Fotosausstellung "The Family of Man" zu Clierf seng Demissioun ginn hat.

Dee Moment war och de Kulturminister Eric Thill ënner Drock geroden. Hien hat RTL an der Sendung Background gesot, d'Fotosausstellung, déi vun der Unesco de Label "Memory of the World" huet, wier just wärend Minutten ze héijer Fiichtegkeet ausgesat gewiescht. Dat huet net gestëmmt.

Wien d'Leedung vun den RTL-Redaktiounen iwwerhëlt, ass nach net bekannt.

De Luc Marteling war zanter dem 1. Juli 2024 Directeur de l'info bei RTL.

D'Schreiwes vum Kulturministère

Back to Top
CIM LOGO