Abréch zu GëtzenMannerjärege gepëtzt an am Prisong ënnerbruecht, well an der UNISEC keng Plaz ass

Andy Brücker
Wéi al de Jugendlechen ass, ass net kloer. Informatioune gi vun 12 bis 15 a souguer 17 Joer.
© Laurent Weber

Zu Gëtzen ass en Donneschdeg am spéiden Nomëtteg e Mannerjärege festgeholl ginn, dee verdächtegt gëtt, u verschiddenen Abréch bedeelegt gewiescht ze sinn. En Zeien hat d'Police op zwee verdächteg Jonker opmierksam gemaach. Wéi d'Beamten ukoumen, sinn déi zwee fortgelaf. No enger Poursuite vu ronn engem Kilometer konnt ee vun hinne gestallt ginn.

Beim Verdächtege goufe Bijouen a Sue fonnt, déi aus engem Abroch an engem Haus an der Géigend stamen. D'Police huet dono nach en zweeten Abroch am selwechte Secteur festgestallt, bei deem de Jonken och verdächtegt gëtt, bedeelegt gewiescht ze sinn.

De Verdächtegen huet fir d'éischt uginn, 12 Joer al ze sinn, duerno eng aner Identitéit mat engem Alter vu 15 Joer genannt. No Iwwerpréiwungen a medezineschen Ënnersichunge gëtt säin Alter op ronn 17 Joer geschat. En Auto mat franséische Placken ass saiséiert ginn.

Well an der UNISEC keng Plaz fräi war, gouf de Mannerjäregen an de Prisong op Schraasseg bruecht, wou hie strikt vun den erwuessene Prisonéier getrennt ass. D'Enquête leeft weider.

De Parquet rifft donieft zu méi Opmierksamkeet op, well et an der däischterer Joreszäit traditionell zu méi Abréch kënnt. Verdächtegt Verhalen an der Noperschaft soll direkt der Police gemellt ginn.

Back to Top
CIM LOGO