"Ech hunn him blann vertraut!"Ex-Kommissär ass Frënn an Aarbechtskolleegen dausenden Euro schëlleg

RTL Lëtzebuerg
Am Juni 2013 gouf d'IGP mam Dossier vun deem Polizist befaasst, deen zanter e Mëttwoch wéinst ënnert anerem Bedruch de Prozess gemaach kritt.

Ex-Kommissär wéinst Bedruch viru Geriicht

Tëscht 2009 an 2016 soll den zanter 2014 suspendéierte Mann vun haut 56 Joer, dee bal 3 Méint an Untersuchungshaft souz, jo ëmmer nees versicht hunn, fir Leit Suen ofzeknäppen. D'Enquête géint den Ex-Kommissär hat mat de Plaintë vun zwee Polizisten ugefaangen.

Ee vun deenen zwee sot, et hätt alles plausibel geschéngt an hie versprach kritt, seng Sue 6 Wochen drop erëmzekréien. Dowéinst hat de Polizist dem suspendéierte Kolleeg 2012 15.000 € geléint. En Donneschdeg huet hien zouginn, e bëssen naiv gewiescht ze sinn, ma de Beschëllegte wär och säi Chef a Kolleeg gewiescht. Bis haut hätt hien eréischt 3.500 € zréckkritt. Am Abrëll 2013 hätt hien du Plainte gemaach wéinst den 11.500 €, déi nach ausstinn.

D'Geschichten, déi d'Zeien an Affer vum Polizist erzielt hunn, hu sech geglach. Ob si Poliziste-Kolleegen, fréier Kolleegen oder Frënn waren... Alleguer hu si dem Ex-Kommissär iergendwann eng Kéier Sue geléint, woubäi deen et net all ze vill schwéier hat, fir si z'iwwerzeegen. "Ech hunn him blann vertraut!", huet eng Polizistin erkläert, déi vum Mann bei Sportswette beduckst gouf, genee wéi e weidere Polizist.

Nach en anere war op de Käschte vun engem Fierkel fir e Fest vun enge 50 Kolleege sëtze bliwwen. Wuel hätt den Ugekloten déi eppes méi wéi 780 € iwwerhuele sollen, ma et wär ni dozou komm. Mä net nëmme Poliziste waren Affer. Sou hat e Frënd dem Beschëllegten 8.000 € an e Serveur aus engem Café him 1.300 € geléint. Den Ugeklote war do gudde Client: "En huet vill Sue bei eis hänke gelooss: En huet all Dag gespillt!"

De fréiere Polizist hat verschidde Montanten zréckbezuelt. Wou hien déi Suen dann hiergeholl hätt, fir erëmzebezuelen, wollt de President vum Geriicht vun him wëssen. D'Äntwert war, hien hätt op en Neits Sue geléint, fir déi al Prêten zréckzebezuelen.

Dëse Prozess geet en Dënsdeg virun.

RTL-Artikel: 260.000 Euro Scholden: Polizist wéinst Bedruch viru Geriicht

Back to Top
CIM LOGO