260.000 Euro ScholdenPolizist wéinst Bedruch viru Geriicht

RTL Lëtzebuerg
„Et ass ëmmer dat Selwecht: Dir kritt Suen an déi verschwannen!“, sou de President vum Stater Geriicht.
© pixabay

Wéinst Bedruch viru Geriicht

Hie wollt engem suspendéierte Polizist an d'Gewësse rieden, deen ënnert anerem wéinst Bedruch de Prozess gemaach kritt.

De Mann vun haut 56 Joer, dee bal 3 Méint an Untersuchungshaft war, soll tëscht 2009 an 2016 ëmmer nees an op all méiglech an onméiglech Aart a Weis versicht hunn, Leit Suen ofzeknäppen. Vun den am Ganze bal 40 Parties civiles, déi hire Schued hätte kënnen zréckfroen, waren e Mëttwoch just eng Dose present.

Dobäi hat de Mann, enger leschter Oplëschtung no, ronn 260.000 € Scholde géintiwwer senge „Creancieren". E Mëttwoch huet hie verschidde Faite kontestéiert, anerer dogéint net. Hie sot, d'Kontroll verluer ze hunn, ënnert anerem wéinst engem Immobiliëprojet a Georgien. „A wéinst Ärer Spillsucht! Woubäi näischt iwwert dee georgesche Projet am Dossier ass!", huet de Riichter ze bemierke ginn.

Am Dossier ass dogéint, dass de Mann zum Beispill d'Hand opgehalen hätt, fir am Géigenzuch dofir ze suergen, dass Leit hire Führerschäin erëmkriten, respektiv fir sech fir d'Suergerecht vu Kanner, eng Aarbecht oder eng Openthaltsgeneemegung anzesetzen.

Donieft huet hie sech Sue léine gelooss. Tëscht 2009 an 2014 ëmmerhin iwwer 170.000 €, fir zum Beispill an dee soi-disant Immobiliëprojet a Georgien z'investéieren, Geld vun anere Leit an eng Wettgemeinschaft gestach an tëscht 35.000 an 39.000 € vu senge Kanner geholl, wat him awer net zur Laascht geluecht gëtt. Zu dësem leschte Punkt sot de Mann, sech net erëm z'erkennen an net houfreg dorop ze sinn. Doriwwer eraus hätt hie sech ënnert anerem nach an der Kaffis- oder Schampeskeess vu sengem Kommissariat zerwéiert an eng Dosen Affer bei Sportswetten ëm ronn 23.500 € beduckst.

En Deel vun deene Suen hätt hie selwer gebraucht, en anere wär a Georgien gaangen, an dee Projet, deen de President vum Geriicht dem Beschëllegte net wierklech ofgeholl huet. Hie wéilt sech bei all Mënsch entschëllegen, huet den Ex-Kommissär nach gemengt a betount, hien hätt „komplett den Norde verluer". Dëse Prozess, deen op am Ganze 5 Deeg ugesat ass, geet en Donneschdeg virun.

Back to Top
CIM LOGO