Et ass déi 14. Editioun vum Science Festival, dee mat de Joren och ëmmer méi gewuess ass. Um Donneschdeg a Freideg sinn et 234 Klassen, déi um Site vum Naturmusée an der Abtei Neimënster der Science wäerte ganz no kommen.
Alles an allem sinn et 60 verschidden Atelieren an deenen ee kann experimentéieren, dorënner falen awer och eng ganz Partie Optrëtter. Et ass fir jiddereen eppes dobäi, dat geet vu Genetik, Astronomie, Weltraumfuerschung, Naturgeschicht iwwert Chimie, Physik an Informatik. De Weekend ass de Festival fir jiddereen op, dat e Samschden a Sonnde vun 10h00 bis 18h00.