E Freideg presentéiert"Future Fund 3" soll Start-Uppen a klengen- a mëttelgroussen Entreprisen zegutt kommen

RTL Lëtzebuerg
Et ass e Fong, deen an aner Fongen investéiert, mam Zil d’Lëtzebuerger Wirtschaft ze diversifizéieren.
D'Sue sollen a Fongen investéiert ginn, fir Start-Uppen a kleng- a mëttelgrouss Entreprisen ze finanzéieren.

E Freideg de Mëtten hunn de CSV-Finanzminister Gilles Roth an den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles de sougenannte "Future Fund 3" virgestallt. D’national Kredit- an Investissementsgesellschaft SNCI an den europäeschen Investitiounsfong investéieren am Ganzen 270 Milliounen Euro an dee Fong.

Mat deene Sue sollen an aner Fongen investéiert ginn, fir Start-Uppen a kleng- a mëttelgrouss Entreprisen ze finanzéieren. Dat a Beräicher an deenen d’Lëtzebuerger Wirtschaft wuesse soll, zum Beispill a Gesondheetstechnologien, Weltraumtechnologien oder de Logistik-Secteur. Iwwert d’Future Funds 1 an 2 waren 263 Milliounen Euro investéiert ginn. Et ass awer net kloer, wéi vill Entreprise genee dovunner profitéiert hunn.

© Pedro Venancio / RTL

Back to Top
CIM LOGO