Omikron zu LëtzebuergExperte rechnen an Zukunft mat bis zu 1.000 Fäll den Dag

Pierre Jans
Déi nei Variant wäert sech séier am Grand-Duché verbreeden an d'Neiinfektioune wäerte klammen, sou den Dr. Alexander Skupin am RTL-Interview.
Experte rechnen an Zukunft mat bis zu 1.000 Fäll den Dag
Omikron wäert sech séier am Grand-Duché verbreeden an d’Neiinfektioune wäerte klammen, sou den Dr. Alexander Skupin am RTL-Interview.

Wéini dat genee geschitt, wier awer schwéier soen, sou ee vun den Experten aus der Covid-19 Task Force. Ma et geet een dovunner aus, datt Omikron am Februar och hei am Land dominant ass. Bis zu 1.000 Neiinfektiounen den Dag wiere méiglech.

Et géif villes dovunner ofhänken, wéi sech d’Populatioun dorobber preparéiert. Dowéinst wier et wichteg, d’Hygiènesmesuren ze respektéieren a fräiwëlleg op enk sozial Kontakter ze verzichten. Wat méi Leit beienee kéimen, wat de Potential wiisst, datt sech de Virus verbreet. D’Booster-Impfungen wieren och essentiell. Ouni misst ee bis zu 3000 Neiinfektiounen den Dag fäerten.

Den Dr. Skupin wollt och net confirméieren, datt Omikron wierklech e manner schwéiere Krankheetsverlaf huet. Dofir géifen et nach net genuch Date ginn.

Back to Top
CIM LOGO