RTL-Presseclub vum 24. FebruarExplosioun Waldhaff, Sträit an der CSV, an eng Deputéiert am Garde à vue

Roy Grotz
Ënnert anerem dat sinn d'Sujeten am Presseclub, e Sonndeg tëscht 11 an 12 Auer op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.
De Presseclub vum 24. Februar
Mat den Themen: Explosioun Waldhaff, Sträit an der CSV, an eng Deputéiert am Garde à vue.

Wat fir eng Léiere sinn aus dem déidlechen Tëschefall am Arméidépôt um Waldhaff ze zéien? Wéi kritt d'CSV de Sträit an der Partei gereegelt? A wéi eng Auswierkungen huet d'belsch Garde à vue vun hirer Europadeputéiert op déi Gréng?

Invitéen am RTL-Presseclub dës Woch sinn:

de Romain Hilgert vum Land
de Claude Karger vum Journal
de Robert Schneider vum Tageblatt
an de Joël Adami vun der WOXX.

Ënnert anerem dat sinn d'Sujeten am Presseclub, e Sonndeg tëscht 11 an 12 Auer op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO