DepressiounFacebooksäit "LetzBeAware" aktiv géint de Stigma vu mentale Krankheeten

RTL Lëtzebuerg
Géint Depressioun ass keen immun, et ass eng richteg Krankheet, déi jiddereen treffe kann.

All 5. leit statistesch gesinn eng Kéier a sengem Liewen un enger Depressioun. Trotzdeem ginn et ëmmer nach vill Virurteeler.

A géint déi setzt sech d'Rachel Brixius an. Si huet Englesch a Psychologie studéiert a bloggt reegelméisseg op hirer Facebooksäit LetzBeAware iwwert mental Krankheeten.

Virun allem géint de Stigma, de Stempel, dee vill Leit mat mentale Krankheeten dacks nach opgedréckt kréien. Deen Androck huet si op alle Fall, si ass selwer betraff zanter deem si en Teenager ass. Laang ass et hir schwéier gefall, iwwerhaapt iwwert d'Krankheet ze schwätzen. Op hire sozialen Netzwierker mécht si dat awer elo ganz bewosst an oppen. Domadder wëll si informéieren, sensibiliséieren, mee och Tuyaue weiderginn, déi si entweder an hirem Studium oder hirer eegener Therapie geléiert huet.

Den Dima Korsak leit och zanter ville Joren un Depressiounen, hie wollt dat laang guer net wouer hunn. Hien hëlleft bei der Säit beim Contenu a moolt och Biller fir d'Säit.

D'Säit gëtt et zanter dem éischte Confinement, si wären am Ufank iwwerrascht iwwert deen Zousproch gewiescht, dee si doduerch kritt hunn. Et ass mat eng vun deenen éischte Säiten op Lëtzebuergesch, déi sech mat mentale Krankheeten beschäftegt. D'Rachel Brixius huet d'Säit gegrënnt, wëll si wosst, wéi eleng ee sech heiansdo fille ka mat enger mentaler Krankheet.

Um LetzBeAware soll et dann an Zukunft och ëm aner mental Krankheete goen, well Depressioune sinn net déi eenzeg, déi et sou ginn. Och wa si ganz heefeg sinn.

Duerch déi aktuell Situatioun si vill Leit Belaaschtungen ausgesat. An déi kënnen zwar Ausléiser si fir Depressiounen, si sinn awer net mat deene gläichzesetzen. Ganz einfach erkläert, léist Stress Depressiounen aus. Et ass wéi wann een e klenge Rucksak unhuet, bësse Stress, bësse Bagage passt dran. Gëtt deen awer ze vill, kippt een ëm. Bei Depressiounen ass et änlech. Et gi Leit, déi Stress hunn an trotzdeem keng Depressioun kréien. Dobäi kënnt, dass all Krankheetsverlaf anescht ass. Et gëtt ëmmer gesot Depressioun hätt vill Gesichter. Net jiddereen ass traureg och wann dat e ganzt heefegt Symptom ass.

Wien mengt un enger Depressioun ze leiden, kann ee Selbsttest beim Service Information et Prévention vun der Ligue ausfëllen. Fir en eegenen éischten Androck ze kréien.

Mam Resultat sollt een da bei de Generaliste goen, dee kennt een dacks am beschten a kann och organesch Ursaachen ausschléissen. Duerno kann ee weider un ee Psycholog oder Therapeut geleet ginn.

Aner nëtzlech Adresse fannt Dir hei:

SüdenRéseau Psy

NordenLiewen dobaussen

ZentrumLigue luxembourgeoise d'Hygiène mentale

Schonn am September gouf et een éischt Hëllef Kuer fir d'mental Gesondheet vun der Ligue luxembourgeoise d'Hygiène mentale. Esou ee bidden si och nees am Fréijoer un.

Back to Top
CIM LOGO