PafendallFahrerflucht no Accident, Chauffeur war alkoholiséiert

RTL Lëtzebuerg
An der Rue du Fort Olisy koum et en Dënschdeg den Owend zu engem Accident tëscht 2 Autoe mat Materialschued.
© RTL Archiv

Ee Chauffeur, deen am Accident involvéiert war, wollt nom Accident weiderfueren, konnt awer, bis d'Police op der Plaz war, op der Plaz gehale ginn.

Beim Chauffeur gouf en ze héijen Alkoholafloss festgestallt, de Permis gouf agezunn, de Mann gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO