
Nodeems e Camion den entgéintgesate Wee an de Kreesverkéier gefuer war, wollt dëse mat sengem Gefier no hannerzeg fueren. Dobäi gouf e Verkéiersschëld beschiedegt, dat kuerz virum Rond-point opgestallt war.
De Camionschauffer ass awer net stoe bliwwen, ma ass a Richtung "Schmëtt", bei der belscher Grenz, weidergefuer.
De Camion selwer war wäiss mat roudem Unhänger.
Persounen, déi zu deem Zäitpunkt op dëser Plaz waren an eventuell Informatiounen iwwert de Camion kéinten hunn, solle sech bei der Police um 244-871000 mellen. Alternativ eng Mail op police.troisvierges@police.etat.lu.