D’Vitess zielt! Et soll een direkt mellen, wann een e Fall vu sexuellem Abus géint eng mannerjäreg Persoun matkritt. Dat war de Message vun de Parquete Stad an Dikrech an der Police judiciaire e Freideg op enger Pressekonferenz um Weltdag vun der Lutte géint d’sexuell Exploitatioun vu Kanner.
Dem Procureur d’Etat adjoint David Lentz no, deen um Stater Parquet responsabel ass fir de Beräich Jugendschutz, däerf een als Zeien op kee Fall waarden, den Autoritéiten dat ze signaliséieren.
“Net signaléieren heescht ganz einfach: engem Kand net hëllefen, den Täter gewäerde loossen, erlaben, dass dee viru fiert a sech nei Affer sicht. Een deen eng Kéier déi moralesch Hürd iwwerschratt huet, sech un engem Kand ze vergräifen, dee kann dat och nach eng Kéier maachen.”
Nëmme wa Fäll vu sexuellem Mëssbrauch direkt signaliséiert ginn, kann dem Affer déi beschten Hëllef garantéiert an dem Täter d’Handwierk geluecht ginn.
Et ass en Appell vun der Justiz an der Police un d’Populatioun, d’Aen net zouzemaachen.
D’Strukturen an d’Prozedure wären do, fir d’Affer richteg z’encadréieren. D’Enquêteure bei der Police judiciaire hätte spezialiséiert Formatioune fir den Ëmgang mat potenzielle mannerjäregen Affer vu Sexualdelikter matgemaach, erkläert de Chefkommissär Jean Winter, dee sengersäits bei der Police judiciare fir de Beräich Jugendschutz responsabel ass.
“Dat zitt ee sech net einfach esou aus de Fangeren. Et kann een net einfach elo e Kand vun 8 Joer, wou e sexuellen Abus am Raum steet, einfach dohinner setzen a befroen, ewéi wann ee géif mat engem Erwuessene schwätzen. D’Kand versteet dat net. A mir dierfen nëmmen oppe Froe stellen. Keng Äntwerte mat Jo oder Nee erwaarden.”
An der Reegel beschäftege sech d’Autoritéite mat all Signalement. Dem Procureur d’Etat adjoint no géif ëmmer enquêtéiert ginn. Dem David Lentz no däerf bei engem Fall vu sexuellem Mëssbrauch keng Zäit verluer goen. Deemno stellt hien och a Fro, ob et sënnvoll wär, d’Verjärungsfrist bei Sexualdelikter géint Kanner ze verlängeren. Dat ass eng politesch Decisioun, betount den David Lentz. De Leit d’Gefill ze ginn, et wär gutt, 20 oder 30 Joer ze waarden, bis een e Fall signaléiert, wär awer falsch.
