BeetebuergFall vun haislecher Gewalt - Mann gouf festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend krut d'Police e Fall vun haislecher Gewalt zu Beetebuerg gemellt, woubäi e Mann seng Partnerin soll geschloen hunn.

D’Police huet op der Plaz béid Persounen ugetraff. De Mann war onkooperativ a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. En hat um Sonndeg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter. Dobäi kënnt nach, dass e hie sech vun elo un fir eng definéiert Zäit vun der Frëndin soll ewechhalen*.

Weider Police-Asätz

E Samschdeg den Owend gouf zu Waasserbëlleg en alkoholiséierte Mann gemellt, deen déi aner Gäscht an engem Lokal belästegt an och mat Géigestänn ronderëm sech geheie géif. Wéi d’Beamte bis op der Plaz ukomm sinn, war de Mann scho fort, e konnt awer kuerz drop an engem anere Lokal ugetraff ginn. Och do huet en d’Gäscht belästegt. E gouf opgefuerdert d’Lokal ze verloossen, wat en awer ignoréiert huet. E gouf doropshi vun de Poliziste matgeholl an duerft de Recht vun der Nuecht an der Ausniichterungszell verbréngen.

Dat selwecht Schicksal hat eng Fra an der Stad, déi an engem Lokal randaléiert huet. Si gouf och handgräiflech géintiwwer dem Sécherheetspersonal an huet ronderëm gebläert, wéi se d’Policebeamte bis gesinn huet.

*An enger éischter Versioun war et esou formuléiert, datt de Mann dës Oplage scho virum Virfall hätt kéinte gehat hunn.

Back to Top
CIM LOGO