Police sicht no ZeienFalsch "Polizisten" op der Aire de Capellen ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg gouf e Mann, deen duerch Lëtzebuerg fuere wollt, Affer vu falsche Polizisten.

Dräi Männer, déi sech als Polizisten an zivil ausginn hunn, hunn de Mann op der Aire de Capellen ugeschwat. Si wollte säi Gefier op Drogen ënnersichen, hunn dobäi awer eng Enveloppe voller Sue geklaut. Wéi et Mann dat gemierkt huet, wollt hie se ophalen, ma d'Täter hunn hien a säin Auto gedréckt a sinn do geflücht, dat mat engem groen Auto, op deen eng blo Luucht fixéiert war an dat giel Placken hat.

D'Männer waren tëscht 30 a 35 Joer al, haten normal Kleeder un an donkel Kapen, wou Police dropstoung. Donieft hate se Ketten, déi u Police-Badgen erënnert hunn, ëm den Hals hänken an haten och eppes un, wat enger Schosswest änlech war.

All d'Informatioune si fir d'Police vu Kapellen ënnert dem 244-30-1000

Back to Top
CIM LOGO