Bedruchsmaschen - Deel 3Falsch Wunnengsofferen an Job-Annoncen

RTL Lëtzebuerg
No deem mir schonn op verschidde Bedruchsmasche vun der Nigeria Connectioun méi am Detail agaange sinn, bleiwen der nach 2.
© Pixabay

Dëst am Beräich vun den Jobofferen an och déi bei de Wunnengsannoncen. D‘Sandra Mélan huet sech informéiert, wéi d‘Täter do virginn an och op wat e soll oppassen.

Bedruchsmaschen - Deel 3 / De Reportage vum Sandra Mélan

All d’Bedruchsforme vun der Nigeria Connection hu gemeinsam, datt d'Täter u Sue wëlle kommen. Sief dat mat enger virgegaukelter Identitéit, mat enger virgetäuschter Léift, mat ongedeckte Schecken an och mat engem Geldverspriechen. Bei Wunnengsoffere soll een awer och gutt oppassen. De Steve Goedert, Responsabel vum Service Prévention vun der Police an der Stad, weess, wéi déi Onéierlech virginn.

Et sinn hei méi d'Vakanzewunnengen, wat zu Lëtzebuerg dowéinst méi séier géif opfalen. Wann een dann awer eng Destinatioun huet, wou ee seng Pensioun wëll verbréngen oder all Joer dohinner an d'Vakanz goen, do gëllt et opzepassen. Och wann een op der Plaz ugeschwat gëtt, iwwert e Komplex, deen nach am Bau ass, soll ee virsiichteg sinn. Do besser op richteg Immobilière a Firmen, déi op der Plaz e Büro hunn, zeréckgräifen.

Skeptesch soll e ginn, wann et eben aus de verschiddenste Grënn net méiglech ass, fir esou eng Wunneng am Virfeld besichtegen ze kënnen.

Do kritt een da gesot, ech schécken dir e Schlëssel vun der Wunneng an dofir muss du e gewëssene Montant am Virfeld bezuelen. Wann een dann op déi Plaz kënnt, gëtt et déi Wunneng net oder d'Leit, déi do liewen, sinn iwwerrascht, wann dann e Frieme virun der Dir steet.

Fir esou Situatiounen ze evitéieren, ass et ëmmer besser, fir selwer Offeren unzefroe bei deene Firmen, wou ee sech erausgesicht huet.

Och bei den Jobannoncen ass een net viru sou Onéierleche geschützt. De Steve Goedert huet esou e Beispill vun engem Au-Pair-Meedchen, dat esou eng Offer gemaach kritt huet. Op Grond vun dëser Aarbechtsplaz mat Contrat à durée indéterminée wollt dëst Au-Pair Meedchen d’Aarbechtsplaz wiesselen.

Zu engem Moment koumen du Mailen, datt d'Joffer sollt Suen iwwerweisen, fir Garantien ze ginn an och fir Material, wéi e Laptop, déi fir hat misste kaf ginn. Fir den "neien Employeur" war dëst eng Sécherheet, datt hat deen Dag och géif untrieden. D'Meedchen huet dann nogefrot an nogekuckt an huet am Internet erausfonnt, datt et esou Bedruchsmasche ginn, wou e Beruff ugebuede gëtt, deen awer net existéiert.

Wann ee sech hei zu Lëtzebuerg iwwer déi offiziell Weeër fiert, fir eng Aarbechtsplaz ze sichen, ass de Risiko éischter kleng, op esou eppes eranzefalen. Wann een esou e Beruff am Ausland ugebuede kritt, muss een op Nummer sécher goen, seet de Steve Goedert. Wa méiglech op d'Plaz fueren a sech versécheren, datt et deen Job och wierklech gëtt. An dem Patron Suen z'iwwerweisen, fir dat dee Sécher ass dat ee kënnt, do muss de gesonde Mënscheverstand scho weisen, datt hei eppes net ka richteg sinn.

Bedruchsmaschen - Deel 1: "Wash-Wash-Trick" a "Romance Scamming"Bedruchsmaschen - Deel 2: Geldverspriechen an ongedeckte Schecken

Back to Top
CIM LOGO