Récktrëtt aus dem OrganisatiounscomitéFält d'Kropemannsfest dëst Joer an d'Waasser?

Marc Hoscheid
Zu Réiden rumouert et. Rezent war et d'Annonce, datt ee groussen Deel vum Comité vun där ASBL, déi all Joer d'Kropemannsfest organiséiert, demissionéiert.
© Ketty a Rom Hankes/RTL-Archiv

Zanter dem deels méi haart gefouerte Walkampf d’lescht Joer schéngt déi politesch Atmosphär an der Nordgemeng vergëft ze sinn. Kéint deene Streidereien elo d’Kropemannsfest zum Affer falen?

D’Kropemannsfest kéint dëst Joer ausfalen (Reportage Marc Hoscheid)

Op déi Iddi kéint een alt mol kommen, well net manner wéi 7 vun den 11 Comitésmemberen, dorënner de President Tom Faber, zéie sech azréck. Dat gouf dës Woch op der Generalversammlung vun der Kropemannsfest asbl annoncéiert. Als Grond fir déi Decisioun weist den Tom Faber mam Fanger op d’Gemeng. Zanter 2018 géing ee sech als asbl net méi richteg ënnerstëtzt fillen. Virun allem bei de Suen hätt een der Gemeng ëmmer nees mussen nolafen. D’lescht Joer wier et besonnesch schlëmm gewiescht.

“De 16. Juni hu mer du réischt de Subsid kritt, fir kënnen d’Fest ze organiséieren. Dat heescht dräi Méint an eng Woch, wat eis et bal onméiglech gemaach hat, fir et nach kënnen ze maachen. Dat war ee richtege Marathon, fir kënnen ze starten. Et war esouguer nach den 10. Anniversaire, dee mer do gefeiert hunn. Mir hunn deen zwar nach mat Bravour gemeeschtert, mee der Zäit nozelafen respektiv dem Subsid nozelafen, bis datt mer kënnen ufänken, dat ware mer ni déi Jore virdru gewinnt.”

Den Tom Faber ass iwwregens och Member vum Gemengerot a sëtzt do an der Oppositioun. De Buergermeeschter Henri Gerekens weist d’Reprochen iwwerdeems zeréck. Et hätt een de Subsid réischt sou spéit iwwerwisen, well d’Statutte vun der asbl net méi konform mam Gesetz waren an et ebe sou laang gedauert hat, bis dee Problem behuewe war. En plus hätt d’asbl zu deem Moment nach 28.000 Euro um Kont gehat a wier deemno net direkt op finanziell Ënnerstëtzung ugewise gewiescht.

Fir de Rescht wieren am Budget 55.000 Euro fir d’Kropemannsfest virgesinn, 45.000 fir d’asbl an 10.000 fir Installatiounen, déi d’Gemeng direkt bezilt. Doriwwer eraus géingen d’Gemengenaarbechter ronn 2.600 Aarbechtsstonnen, dorënner 1.000 Iwwerstonnen, an d’Preparatioun vum Fest investéieren. D’Gemeng géing voll hannert dem Evenement stoen.

No de siwen annoncéierten Demissioune bleiwen nach véier Leit am Comité, dorënner d’Danielle Simon-Arendt, déi Schäffen zu Réiden ass. Si weist sech optimistesch, datt d’Fest dëst Joer net ausfale wäert.

“Natierlech gëtt et dëst Joer rëm ee Kropemannsfest, well d’Fest gëtt vum ganzen Duerf gedroen an d’Reproche vum aktuelle President leenen ech do kategoresch of. Ech menge mir krute jo lo nach keng schrëftlech Demissioun vun hinnen agereecht alleguerten. A wa mer déi bis hunn, da schwätzt jo näischt dogéint, datt och wann de President wiesselt, datt dann ee Fest net méi ka stattfannen.”

Ob een no neie Membere fir de Comité siche wäert, misst ee kucken. Ma am schlëmmste Fall krit een d’Organisatioun vum Fest och zu véier gestemmt.

Hei Impressioune vum leschte Joer:

Back to Top
CIM LOGO