Kritik vum Jean-Claude Juncker"Fannen net gutt, wat den Trump gemaach huet, mä Trump ass Trump"

Jeannot Ries
De fréiere Premier an EU-Kommissiounspresident huet sech e Mëttwoch am RTL-Interview zu den US-Wale geäussert.
Kritik vum Jean-Claude Juncker um Donald Trump
De fréiere Premier an EU-Kommissiounspresident huet sech e Mëttwoch am RTL-Interview zu den US-Wale geäussert.

"Den Donald Trump huet besser ofgeschnidde wéi vill Leit an Observateure gemengt hunn. Obschonn ee sech muss virun Aen halen, datt déi gutt ekonomesch Resultater bis zur Pandemie villen Amerikaner Aarbecht ginn hunn. Dat hate se nach am Kapp wéi se wiele gaange sinn. Et ass anescht komm. Ma et ass net total onerwaart. Ech hat allerdéngs gemengt, den Här Biden géif kloer gewannen", sou de Jean-Claude Juncker.

De fréiere Premier an EU-Kommissiounspresident geet am Interview och op d'Demokratieverständnis vum Donald Trump an. De Gruef, deen de President Trump déi lescht 4 Joer net just bannen an Amerika méi déif op gemaach huet.

Den Donald Trump huet während nach e sëllege Bulletinen auszeziele bloufe carrement de Stopp vum Comptage vun de Walziedele verlaangt, verbonne mat der Menace, virun den ieweschten amerikanesche Geriichtshaff ze zéien. Hien hätt gewonnen an et géif de Risk vu Walfälschung bestoen. De fréiere Staatsminister an EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker kann doriwwer nëmmen de Kapp rëselen.

Déi héich Walbedeelegung, déi weise géif, datt d'Amerikanesch Bierger gewisen hunn, datt et hinnen net egal war wat mat hirem Land geschitt.

De Jean-Claude Juncker beschreift de Phenomen Trump: "E Mann deen dat seet, wat vill Amerikaner denken. An op déi Fassong wéi d'Leit dat ausdrécken."

"Den Joe Biden huet Europa gär a lauschtert no", sou de Jean-Claude Juncker weider. Op engem Ament wou d'Entscheedung nach net gefall ass.

Back to Top
CIM LOGO