
Hei huet d'Gesondheetsministesch präziséiert, datt d'Doudegriewer net prioritär solle geimpft ginn. Dat ënnert anerem, well si sech an der Morgue an net an den Zëmmer vun de Patienten ophale géifen.
Dorop reagéiert déi zoustänneg Federatioun e Mëttwoch de Moien an engem Schreiwes. D'Hallschent vun de Covid-19-Stierffäll wieren net an engem Spidol. A ville Fleegeheemer, an deenen d'Pompes Funèbres och ënnerwee sinn, géif et awer guer keng Morgue ginn. An och wann e Verstuerwene misst doheem ofgeholl ginn, wieren d'Mataarbechter aus där Branche engem méi héijem Infektiounsrisiko ausgesat a si géifen och riskéieren, anerer unzestiechen.
An den Ae vun der Federatioun ass de Risiko fir d'Doudegriewer grad sou héich wéi zum Beispill vun Ambulancieren. Si fuerdert d'Gesondheetsministesch deemno op, op hir Decisioun zréckzekommen.