
Wéi um Internetsite vun der Zentrumsgemeng ze liesen ass, wier en administrative Feeler beim Apake vun den Enveloppë geschitt. Et gouf vergiess, déi brong Enveloppe, an déi e Walziedel soll drakommen, mat ze verschécken. Dës Enveloppe gëtt elo bannent den nächsten 2 Deeg nogeschéckt.
Déi brong Enveloppe mam Walziedel dran soll dann an déi giel Enveloppe kommen, an dann eréischt zeréckgeschéckt ginn.
Bei Froen soll ee sech beim Mierscher Populatiounsbüro mellen.