
D‘Feier an enger Garage e Sonndeg zu Bartreng soll net muttwëlleg geluecht gi sinn. Dovu geet op d‘mannst de Parquet an engem Schreiwes aus. Et goufen nämlech keng Spuere vun engem Brandbeschleuneger fonnt. De Parquet geet villméi dovun aus, datt Palletten ugefaange goufen, fir ze hëtzen an d'Feier vun do aus op d'Gebai iwwergaangen ass.
Fir eendeiteg festzestellen, wéi déi zwee Doudesaffer ëm d'Liewe komm sinn, goufen Autopsien ordonéiert. Bis ewell konnt d'Identitéit vun deenen zwou Persounen och nach net kloer etabléiert ginn.
Nom Feier sinn e Sonndeg zwou Läichen an der Garage fonnt ginn.