Lycée VaubanFeier am Gebai, kee gouf blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Ausgebrach ass d'Feier en Dënschdeg de Moien an den Toiletten am Beräich vun de Sciencen.
Dës Foto gouf virun der Pandemie geholl, sou dass och keng Persoune mat Masken hei ze gesi sinn.
Dës Foto gouf virun der Pandemie geholl, sou dass och keng Persoune mat Masken hei ze gesi sinn.
© RTL Archiv

Dat ganzt Personal an alleguerten d'Schüler goufen aus dem Gebai evakuéiert, wärend e Sécherheetsbeamte vun der Schoul d'Feier geläscht hat. Keng Persoun gouf blesséiert. De Sécherheetsbeamte koum wéinst enger Kontroll an d'Spidol.

D'Schüler konnten dann och nees relativ séier an d'Gebai zeréck, allerdéngs bleiwen eng Rei Raim zou, bis dass et méi Informatioune ginn, heescht et vun offizieller Säit. Verschidde Coursen hu missten annuléiert ginn.

Dës Informatioune betreffen ausschliisslech d'Lycéesschüler.

Back to Top
CIM LOGO