
D’Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng, Péiteng-Käerjeng, Esch, Diddeleng, Keel an aus der Stad ware mobiliséiert, grad wéi och de Samu an eng Partie Ambulanzen.
Op der N12 tëscht Groussbus an dem Léierhaff ass géint 21.37 Auer en Auto op der Kopp gelant. Eng Persoun gouf verwonnt. D’Pompjeeë vu Groussbus an aus dem Préizerdaul waren am Asaz, grad ewéi d’Ambulanz Nordstad.
Kuerz virun 23 Auer ass zu Nidderkuer an der Rue de l’Acier e Motocyclist gefall a gouf blesséiert. D’Ambulanz vu Péiteng grad ewéi d’Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng waren op d’Plaz geruff ginn.