
Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Viichten, Mäerzeg, Biissen, Ettelbréck an Dikrech, grad ewéi de Samu vun Ettelbréck an d'Ambulanze vun Ettelbréck a Lëntgen.
Zu Maarnech gouf et um Freidegmoie géint 4.40 Auer en Accident, wou zwee Autoe sech ze pake kruten. Eng Persoun gouf blesséiert.
Zu Bieles gouf et en Donneschdeg den Owend no 19 Auer eng Kollisioun tëscht zwee Ween, 3 Persoune goufen hei verwonnt.
Tëscht Schëtter an Neihaischen gouf et en Accident mat engem Blesséierten.