HeischentFeier an engem Holzbetrib, gréissere Schued konnt verhënnert ginn

RTL Lëtzebuerg
Um 8.23 Auer gouf den 112 alarméiert, datt et zu Heischent géif brennen. Géint 9 Auer war d'Feier ënner Kontroll.
© CGDIS

Duerch d'Meldung, vun engem Band an engem Holzbetrib, gouf direkt eng grouss Unzuel u Pompjeeë vum CGDIS alarméiert.

Déi éischt Leit vum Rettungsdéngscht, déi op der Plaz waren, hu en hëlzene Chalet virfonnt, dee gebrannt huet. Dëse stoung awer wittert de Produktiouns- a Lagerhal. Duecht dat séiert Agräife vun de Männer op der Plaz, konnt en Iwwergräife vum Feier op déi Hal evitéiert ginn an esou konnt och de Schued a Grenze gehale ginn.

Op der Plaz waren d'Corpse vum Albësch, Esch/Sauer, Feelen, Buerschent, Ettelbréck, Klierf a Wolz.

Back to Top
CIM LOGO