CGDISFeier an Haus zu Rëmeleng an a Bësch um Stafelter

RTL Lëtzebuerg
Eng Kiche stoung am Süde vum Land a Brand an am Zentrum bestoung de Risiko, datt e Lagerfeier eskaléiert.

Am Lokale mellt de CGDIS e Kichebrand e Sonndeg den Owend kuerz virun 22 Auer zu Rëmeleng. Déi lokal Pompjeeën an hir Kolleege vun Esch hu geläscht, blesséiert gouf keen.

An engem Bësch tëscht dem Stafelter an Eesebuer hunn eng Stonn drop dann d’Pompjeeë vu Nidderaanwen-Schëtter mussen an den Asaz, fir ze verhënneren, dass e Lagerfeier zu engem Bëschbrand féiert.

Iwwerdeems mellt de CGDIS 2 Verkéiersaccidenter zu deenen et am Laf vum Méindegnomëtteg komm ass.

Géint 16.45 Auer warn zu Weimeschkierch 2 Autoen aneneegerannt. Hei gouf eng Persoun blesséiert.

Zur nämmlechter Zäit war tëscht Buddelerbaach a Biwer e Motocyclist gefall.

Back to Top
CIM LOGO