CGDISFeier zu Esch an Accident zu Déierbech - 4 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg kuerz no 20 Auer huet et an der Rue St. Vincent zu Esch gebrannt. 1 Persoun gouf blesséiert.

Am Asaz waren d’Pompjeeë vun Esch, Diddeleng, Keel, Monnerech a Schëffleng, grad ewéi d’Ambulanz vu Suessem/Déifferdeng.

Géint 22.30 Auer gouf et en Accident zu Déierbech an der Brotemer Strooss. En Auto, deen aus Richtung Uewerwampech koum war op der Kräizung mat der Haaptstrooss mat engem Bus kollidéiert, deen aus Richtung Allerbuer gefuer koum. Den Auto gouf dobäi op déi aner Stroossesäit geschleidert a koum am Virgäertche vun engem Haus un d’Stoen. Eng Mauer an 2 Verkéiersschëlder goufe beschiedegt.

Am Bulletin vum CGDIS ass Rieds vun 3 liicht Blesséierter. D’Police mellt, dass 2 Kanner, déi hannen am Auto souzen, fir eng Kontroll an d’Kannerspidol komm sinn.

D’Pompjeeë vu Wëntger waren op der Plaz, grad ewéi Ambulanze vu Wolz an Ëlwen.

Zu Péiteng an der Rue Pierre Grégoire ass um Donneschdeg den Owend géint 21 Auer enger Policepatrull en Automobilist wéinst sengem Fuerstil opgefall. De Chauffer gouf kontrolléiert, woubäi festgestallt gouf, dass den Alkoholpeegel ze héich war. De Fürerschäin gouf nach op der Plaz agezunn.

Back to Top
CIM LOGO